Start vum Staffellaaf 2006 zu Capellen, beim JC. Juncker

D'Leefer laafen fortDest Joër war beim traditionnelle Staffellaaf vum AV d’Letzebuerger alles anescht, well dest Joër kritt den Jean-Claude Juncker de Karlspreis. Originell Léisung vun den Terminproblemer: Sie laafen dest Joër nit Freides vun Oochen op Letzebuerg, mee vu Capellen (dem JCJ säin Duerf) op Oochen a kommen mar do un. Eise Präsident Louis Philippe, den Asorne’s Misch a ëch (de Wiesel) waren dofir op Capellen kucken.
Et guff Kaffi a Mëtschen vun der Mamer Geméng, a nom Präsident Ben Müller, den d’Emstänn erläutert huet, huet dunn den Buergermeeschter Gilles Roth séng Ried gehaalen, an no dems hien mat vill Méih fir ausgesprache fragwürdigen historische Bezuch (Mamer <-> Oochen) konstruéiert, an aus dem Duerfhelligen Mameranus een Oochener Bierger gemeet huet, huet hien verkënnegt, dass den Jean-Claude Juncker erréicht dierft Eirebierger (witzig freudsche Fehlleitung: zunächst soot hien “Eirebuergermeeschter”) vun der Geméng Mamer ginn, wann hien Eirestaatspräsident wier, wourops hien den Jean-Claude dann a sénger Ried geméngt huet, daat kinnt nawell nach laang daueren.

Eise Louis huet hinnen (Juncker an Roth) dunn nach zou Taken aus dem onerschöpfliche Fundus vun der Honnertjoërfeier iwerreescht, an dunn kunnt den Startschoss faalen. D’Lea, an den Alzin sinn dunn lass gelaaf. Hoffentlich kommen sie den Owend gudd bei Koeppe Jhemp un.
Hei die ganz Fotostrëck:

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.