Oochener Männerchouer

Den “out-of-office-autoreply” ass eng datenschutztechnisch Geschicht. Den huet mir lo grad verroden, dass sechs vun eisem Memberen nit an hierem Büro/doheem sinn! Gudd, daat war lo just den Teaser fir die eigentlich Nooricht: Den Dirigent vun den jonken Oochener, bricht ëmmer nach Verstärkung fir kënnen dem Jean-Claude Junker den 25. Mee een Ständchen ze brëngen, hien schreiwt mir:

Salut Wiesel,
kéins du des Mail un d’Anciens weiderschécken.

Pascal

Salut aalen Oochener, aalen Sänger aus dem Männerchouer,

wéi dir wesst séngt den Oochener Männerchouer den 25ten Mee um Katschhof op
der Karlspreisiwwereschung. E puer vun iech, ehemoleg Sänger aus dem
Männerchouer hun sech scho bei mir gemellt fir matzesangen. Fir lo eng Prouw
mat iech, also den Anciens kenne ze man, an mat Pianist, hun ech mengen
Jongen virgeschloen, den 13ten Mee, Samsdes, eng Journée musicale beim
Koeppe Jhemp op der Houschter Déckt ze maachen. Wou mir dann vu moies 10 bis
nomettes 5 wäetren prouwen. A mettes kacht eis de Jhemp eppes Guddes. Ech
wir frou mat all déi di sech gemellt hun kéinten präsent sin, mee och déi di
sech na net gemellt hun mee awer interessíert sin fir matzesangan, den
Samsden dobäi wieren. Da kann ech och eng komplett Lescht mat de Sänger vum
Karlspräis man, an jidferengem eng Mapp zesumme stellen.
Mellt iech, bei Froen, Virschléi, e.t.c. einfach bei mir (/*Emailadress geläscht/wien se brauch kann se bei mir froën, ëch hunn een gudde Spam-Filter.*/)
an da kucke mir weider.

Mat beschte Gréiss

Aären Dirigent, den Theis, de Pascal

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.