komisch Zeechen

Wann Dir Iech momentan, e bessi méi aal Matdeelungen ukuckt, dann kann et sinn, dass Dir sou Zeechen gesidd, iwerall do, wou Dir erwaarden gifft, dass “é”, “ü”, “ç” oder “ä” etc. sollte stoën. De Grond ass deen, dass dese Site ursprünglich alles als UFT-8 codéiert haat. Daat war sou jo ganz ok, mee lo hunn ëch verschidden Applicatiounen fir dese Site geschriwen, ënner aanerem fir d’Konsultatioun vum Membersfichier (just fir den Comité, wann sie ageloggt sinn), an lo och een Formulaire fir sëch z.B. fir d’Generalversammlung unzemelden.
Déi Säiten verlaangen allerdings no enger Codéierung nom westeuropäische Standard iso-8859-1 , fir kënne korrekt ugewiesen ze ginn. Vu dass ëch nit unhuelen, dass vun Axmanns George oofgesinn, allze vill Chinesen oder aner Asiaten sëch heihinner verirren, dierft daat keen Problem sinn.
(Wien et interesséiert, hei méi dozou)

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.