Courrier am Mee: Compositioun vum Comité, Trëppeltour a Footballsmatch

Léiw aal Oochener,

Fir unzefänken wollt ech nach een Détail vun eiser Generalversammlung vum 24 März 2005 bekannt ginn: Eise Kolleg Michel Asorne ass als Member an de Comité gewielt ginn, domadder setzt sëch desen 2005 folgendermoosen zesummen:

Präsident Louis Philippe
Vice-Präsident a Sekretär Daniel Erpelding
Keessier Tom Nickels
Eierepräsidenten a Member vum Comité Jean Feyereisen a Pierre Jacoby
Memberen Michel Asorne, Jens Christiansen, André Detaille, Marc Fischbach, Fränz Goedert,.Jean-Louis Sales a Marc Tock.

Als nächst wollt ëch Är Obmierksamkeet fir eis zwou nächst Veranstaltungen gewannen:

  1. Een Trëppeltour zu Reckange/ Mess den 29.5.2005

    Ennert der Féierung vom Odette Jacoby, werten mir eis am classic walking iwert eng Stréck vun ongeféier 9km versichen. Rendez-vous ass also den Sonden den 29.5.2005 um 10:00 um Parking beim Rond Point zu Reckange/Mess directioun Limpach op der lenker Seit.

    Zu Mëtteg giess get am Restaurant Mia Terra (http://www.mia-terra.lu) op 4, rue du Brill L-3898 Foetz ab 12:30 (à la carte).

    Umëllen kënnt Dir Iech, méiglichst nach virum 25.5.2005 bei eisem Sekretär, soit per Bréif, per Email op daniel.erpelding@gmx.net, telefonisch um 478-6193 oder 26.50.09.73, per Fax op den 291194-6193 oder via eise Site um Internet http://www.aachen.lu.

  2. Ee Fussballsmatch géint die Jonk vum AVL den 11.6.2005.

    Den Samsten den 11.6.2005 spillen die aal Oochener zu Mamer op engem synthétischen Terrain géint die Jonk Oochener! Rendez-vous fir d’ Spiller ass um 14:00 bei Vestiaire vum FC MAMER.

    Den Match fänkt um 15:00 un

    Dono: ass um 17H00 Réception vun eisem Kolleg Marc Fischbach am Lycée Technique Josy Barthel

Fir den Comité

  • Präsident: Louis Philippe
  • Sekretär: Daniel Erpelding,

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.