E gudden Dikkricher

Moies wann d’Klack an aller Fréih laut.
dann gëtt zu Dikkrich den Béier gebraut.
De Braumeeschter ass dann och schonn um Dill
a wiesst onsen Béier mat souvill Gefill.
A Fässer, a Fläschen
gëtt hien da gefëllt
an d’Ländche geféiert dohi wou ët gëllt.
Mir hiewen eist Glas an läschen eis Bränn
Mä vir d’éischt klappen mir zesummen an d’Hänn.
Refrain:
E gudden Dikkricher dee brengt eis all op d’Been
Egal wéini won.
mir sin bäieneen
An drënken en Himpchen vun Dikkrich mat Genoss
Dee schmacht iwerall,
dobaussen an och soss.