Tournoi de Noël

E Bäitraach vum Felix Rippinger

Ee feste Rendezvous am Kalenner vun de Lëtzebuerger Studenten ass all Joer den Tournoi de Noël, dee wéi den Numm et scho seet ëmmer ronderëm Chrëschtdag statt fënnt. Dëst traditionellt Event bitt awer nieft de sportleche Sensatiounsleeschtunge vum AVL och ëmmer eng flott Geleeënheet fir Kolleegen a Kolleeginnen aus anere Cerclen erëm ze gesinn.

Eng éischte Kéier goufen d‘“Tournois Universitaires“, wéi se am Ufank geheescht hunn, am Joer 1961 vum Här Jean Schmit organiséiert. Am éischte Joer war den Tournoi nach net em Chrëschtdag mee em Ouschteren an den Tournoi huet sech och nëmmen ob de Fussball beschränkt. No dësem éischte Versuch ass dunn mol ee Joer laang näischt geschitt éier den Här Georges Lanners am Joer 1963 d’Iddi vun den Tournois Universitaires rëm opgeholl huet . Och bei dëser Editioun duerften nëmmen d’Futtballiste géinteneen untrieden, woubäi unzemierken ass, dat trotz de kalen Temperaturen em Chrëschtdag de Fussball dobausse gespillt ginn ass. Duerno ass den Tournoi aus senge Kannerschong erausgetratt an huet reegelméisseg stattfonnt. Enplus hunn sech ab dem Joer 1965, also ab der 3. Editioun, och d’Basketspiller dierften ënnert Beweis stellen, wat derzou gefouert huet dat den Tournoi eng éischte Kéier iwwert 2 Deeg ofgehale ginn ass. Am Joer 1967 koum och nach den Dëschtennis bei de Fussball an de Basketball derbäi. An dëser Konstellatioun ass den Tournoi de Noël dunn 14 Joer laang organiséiert ginn, bis am Joer 1981 entscheet gouf dat de Fussball just nach an der Hal dierft gespillt ginn. Am Joer 1988 koum déi bis lo leschten Ännerung an der Organisatioun vum Tournoi an zwar huet ab deem Joer de Volleyball den Dëschtennis ersat. Säit 1988 trieden also beim Tournoi de Noël iwwert zwee Deeg d’Equippe vun de Sudentecerclen am Volleyball, Basketball a Fussball géinteneen un.

Vue dat sech et kaum ee Cerclë well huele loossen, fir sech sportlech ënner beweis ze stellen, sinn déi meescht Cerclen, déi ënnert dem Daachverband vun der ACEL aktiv sinn, mindestens an enger Sportaart beim Tournoi de Noël derbäi. Fir all déi Equippen ënnert en Daach, bzw. an eng Hal ze kréien, gëtt den Tournoi déi läscht Joren ëmmer an de Sportshale vun de Lycéeën um Geesseknäppchen ausgedroen. Des bidden och déi gutt Méiglechkeet fir an der Entrée vun der Piscine eng kleng Buvette opzeriichten, sou dat d’Supporteren och hirer léifster Sportaart, dem Drénken, kënnen nogoen. An der Entrée fir an d’Piscine gëtt dann och traditionell vu verschiddene Cerclen an der Mëttesstonn, méi oder manner gutt, Iesse gekacht, fir datt d’Sportler nomëttes net vun de Been falen.

No deem kuerze Resumé vum Werdegang vum Tournoi de Noël ginn an den nächsten Abschnitter déi sportlech Erfolleger vum AVL méi genau beliicht. Aus den Ufäng vum Tournoi si leider net méi souvill Informatiounen iwwert déi sportlech Leeschtung vum AVL iwwereg bliwwen sou datt sech de Rescht vum Artikel ob déi lescht 20 Joer vum Tournoi, also ab 2001, beschränke wäert.

Bild 63: éischt Plaz am Basket de 27.12.1991

Lescht Rei: Marcel Colbach, Roland Colbach, Patrick Roilgen, Fred Arbogast, Claude Reding

Éischt Reih: Fränk Kneip †, Guy Karges, Jean-Marie Remesch †, Pierre Backes (Köln)

An deene verschiddene Joren huet sech den AVL ëmmer rëm daper an deene verschiddene Sportaarte geschloen. Leider war dëst an de Joren 2020 an 2021, also wärend deenen 2 Jore virum Verfaasse vun dësem Artikel, opgrond vun der spezieller sanitärer Situatioun net wéi gewinnt méiglech. 2020 konnt opgrond vun engem Versammlungverbued keen Tournoi organiséiert ginn, sou datt en ersatzlos ausgefall ass. Fir 2021 war ee laang Zäit dervun ausgaangen dat den Tournoi mat puer Aschränkunge rëm um Geesseknäppche kéint gespillt ginn. D’LASEL an d’ACEL hunn dofir alles probéiert wat méiglech war, mee desto méi no d’Chrëschtvakanz komm ass desto méi kloer war et dat dëst ganz schwiereg géif ginn. Ufanks sollt den Tournoi dowéinst ouni Supporter gespillt ginn, fir d’Unzuel u Leit sou geréng wéi méiglech ze halen. Puer Deeg virum Tournoi war dëst awer och net méi méiglech. Et gouf dunn um Belval eng Béierpong-Olympiade als Ersatz fir de Saufpokal organiséiert an eis Münchener Kolleegen hunn zu Kanech e Fussballstournoi organiséiert. Bei dësem Ersatz vum Tournoi de Noel huet eis Fussballsequipe dunn déi sensationell 2. Plaz gemaach. Eng Placéierung vun där mer bei engem regulärem Tournoi de Noel oft nëmmen dreeme konnten.

Wéinst deenen zwee Katastrophejoren war 2019 déi leschte Kéier wou den Tournoi de Noel regulär konnt gespillt ginn. Dowéinst sinn eis Resultater vun 2019 och nach ëmmer déi aktuellsten. Den AVL huet domat aktuell déi 4. beschte Volleyballequipe, déi 10. beschte Basketequipe an déi 5. beschte Foussballequipe. Insgesamt hunn mer den Tournoi als 3. beschte Cercle ofgeschloss. Am Verglach matt de leschte Joren hu mer domat virun allem am Basket méi schlecht ofgeschnidden. Vue datt et en zimmlech schwéier liesbaren an oniwwersiichtlechen Artikel gi wier, wann d’Resultater aus all de Joren hei am Text géife stoen, sinn des an enger Tabell um Enn vum Artikel zesummegefaasst.

Wann een dann iwwert déi Tabell kuckt, erkennt ee schnell datt mer an enger Sportaart, dem Basket, iwwer vill Joren de Klassenprimus duergestallt hunn. Sou hu mer dann an deene leschten 19 Joer wou den Tournoi regulär ofgehale ginn ass 5 mol gewonnen, si 4 mol Zweeten an 2 mol Drëtte ginn. An deenen 19 Joer huet dann och keen anere Cercle des Coupe méi oft gewonnen, et kéint een also bal mengen den AVL wier d‘Mekka fir lëtzebuergesch Basketspiller! Virun allem tëschent 2008 an 2015 war den AVL besonnesch erfollegräich an ass ëmmer bis an d’Final komm, wou se nëmme vu Studente vun der Klunilu oder vu Studenten aus engem Viruert vun Oochen konnte gestoppt ginn. 2018 an 2019 ass et dunn leider net méi sou gutt fir d’Basketballer vun Oochen gelaf an d’Equipe huet allkéiers zweestelleg missen ofschléissen. Mee no all biergof kennt rëm eng Kéier en biergop a bei der nächster Editioun wäerte mer d’Arbittere rëm mat eise falsch nummeréierten Trikoten sou duerchernee maachen dat mer sécher an d’Final kommen.

A Propos biergop a biergof, dee Begrëff beschreift d’Resultater vun der Volleyballequipe nëmmen all ze gutt. Wann een iwwert déi lescht 20 Joer kuckt war et een op an of, wéi op enger Achterbunn. No engem Déifpunkt an de Joren 2006 – 2008 (do hate wuel ze vill Volleyballspiller d’WM an Däitschland gekuckt a vergiess ze trainéieren) mat zwou 16. Platzen an enger 14., erkennt een dat sech lues a lues rëm eppes an der Equipe gedoen huet an des ëmmer besser ofgeschloss huet. No Bronze am Joer 2012 koum am Joer drop schonn éischt Gold-Placéierung séit méi wéi 10 Joer! An deenen zwee Joer drop ass dunn nach eng 2. an nach eng 1. Plaz rausgesprongen. Dëst war quasi d’Blüttezäit vum AVL-Volleyball. An deene leschte 4 Joer war d’Equipe, bis op een Ausrutscher 2017, ëmmer ganz stabil ënnerwee a konnt ëmmer eng gutt Plaz, wann och keng Podiumsplaz, sécheren.

Traditionell ass awer virun allem de Foussball, bzw. vill méi de Futsal, besonnesch ëmkämpft. Et ass dann och déi eenzeg Disziplin an där den AVL an deene leschten 20 Joer keng éischt Plaz konnt erkämpfen, a bei deene meeschte Matcher war et dobäi fir den AVL och en richtege Kampf um Terrain. D’Resultater spigelen dobäi net ëmmer d’Motivatioun an d’spillerescht Kenne vun eise Futtballisten adequat zréck. Oft war den AVL einfach vu ganz vill Pech geplot an huet trotz eng spillerescher Iwwerleeënheet einfach de Ball net an d’Këscht krut. Leider huet och dat gielt Zielwaasser, wat virun allem Nomëttes aus dem Krunn an d’Mënner vun eise Spiller gefloss ass, dobäi näischt konnten änneren. Sou ass dann déi 2. Plaz déi mer 2013 géint UNI.LU gemaach hunn dat héchst vun de fussballeresche Gefiller beim AVL. Dobäi muss een dann awer soen dat en verluerene Match géint eng Equipe déi aus lauter Spiller besteet déi ouni Ënnerbriechung nach beim Veräin, an deem se als Bambini ugefaangen hunn, spillen an déi studéiere just vum héiere soe kennen, quasi wéi eng Victoire. Déi lescht zwee Joer huet den AVL awer gewisen dat en och beim Fussball zu den Topequippe gehéiert, a mëttlerweil géife mer warscheinlech och d’Alemannia Aachen fäerdeg maachen, egal op mat oder ouni Zielwaasser.

Oft hunn déi verschidde Cerclen, déi um Tournoi deelhuelen, eng Sportaart an där se extra gutt sinn a sinn dann an de restlechen manner gutt. 2013 gouf dofir de Gesamtpokal vun der ACEL agefouert, fir deene Cerclen en Präis ze ginn déi an allen dréi Disziplinne gutt ofschneiden. Dëst koum dem AVL, den iwwert Joren ëmmer rëm an deenen dréi Sportaarten erfollegräich war, entgéint. Direkt an deem éischte Joer vum Gesamtpokal war den AVL dobäi extrem erfollegräich. Eng éischt Plaz am Volleyball an am Basketball sou wei eng 2. Plaz am Futsal sécheren dem AVL mat groussem Virsprong déi éischt Victoire vum Gesamtpokal! Et sollt awer net déi lescht Victoire vun dësem prestigeträchtege Pokal fir den AVL bleiwen. No enger knapper 2. Plaz am Joer 2014 (Merci LSC) stoung den AVL 2015 an 2016 zweemol hannerteneen op der héchster Träppchen. No 3 Victoiren a 4 Joer duerft den AVL de Gesamtpokal, den eigentlech als Wanderpokal geduecht ass, halen. De Pokal huet d’Hänn vum AVL also nëmmen eng kéier misste verloossen an ass dobäi nach nëmmen an en Viruert vun Oochen komm. Opgrond vun der sensationell erfollegräicher Zäit fir dem AVL seng Sportequipen huet den AVL entschloss sech en Stär op d’Broscht vu sengen Trikoten ze maachen an sou jiddereen ob déi erfollegräich Zäit opmierksam ze maachen. Nodeems den AVL also quasi alles déi lescht Jore gewonnen huet, wat ee gewanne kann (ausser eng 1. Plaz am Futsal), ass et déi Joren drop am Gesamtpokal net méi sou gutt gelaf an eng drëtte Plaz 2019 war säitdeem dat beschte Resultat.

Am Joer 2015 huet sech d’ACEL dunn geduecht dat et dach bëssen traureg wier dat souvill Supporter ob de Geesseknäppche kommen, ouni selwer iergendeng Kompetitioun ze hunn. Vue dat et zimmlech schwéier ze moossen ass, wéi ee Cercle am beschten uféiere kann, huet sech d’ACEL derfir entscheet se dach léiwer béi der Buvette géinteneen untrieden ze loossen. Domat ass de Saufpokal (Offiziell “prix de consommation” genannt, mee Saufpokal klengt einfach besser) entstanen. Saufpokal, dat kléngt jo scho bal als wier de Pokal extra fir den AVL agefouert ginn. Sou koum et dann och dat eis Supporter fir des éischt Editioun alles ginn hunn an en ganz motivéierte Supporter souguer en Beerpongdesch mat op den Tournoi matbruecht huet. Natierlech konnt sech den AVL dunn mat engem riese Virsprong déi éischt Editioun vum Saufpokal, wéi 2 Joer virdru schonn den éischt Editioun vum Gesamtpokal, sécheren. D’Joer drop waren eis Supporter dunn nach eng kéier héich motivéiert an hunn och déi zweet Editioun vum Saufpokal gewonnen.

Nieft de sportleche Geschichte ginn et awer och ëmmer rëm flott Anekdoten iwwert den Tournoi de Noel ze erzielen déi net direkt eppes mam Sport ze dinn hunn. Sou hat den AVL an déi aner Cerclen sech déi lescht Joren ëmmer rëm mat de Portieren an den Hoer well des net wollten dat Béier, resp. Hopfensmoothien, ob den Tribüne gedronk ginn. Wou si mer dann hei? Mir si jo awer net méi an der Schoul! So engem Student en dierf eppes net an en notzt alles wat en geléiert huet fir genau dat ze maache wat en net soll. Iergendwéi huet de Béier also dach ëmmer séin Wee bis ob d’Tribün gepackt, schliisslech muss ee jo seng Equipe uféieren a gläichzäiteg de Saufpokal gewannen.

Nieft deenen üblechen tächtelmächtelcher déi een am Sport mat de léiwe Monni Arbitteren huet, huet sech den AVL virun allem am Basketball en schlechten Numm gemaach. Dëst ass net mol wéinst engem aggressive Spillstil oder dem villen Gemeckers, nee et ass wéinst Mathe a Biologie. Well den AVL als eenzege Cercle ob sengen Trikoten Nummeren huet déi méi grouss si wei 15, anscheinend kennen déi aner Cerclen net sou weit zielen, kennen d’Arbitteren des Nummere bei enger Faute net mat hire Fangere weisen. Do stellt sech mir natierlech d’Fro wisou se dat brauchen, eis Basketballer maachen dach keng Feeler um Terrain! Et ass also all Joer déi nämmlecht Diskussioun. All Joer gëtt gesot mir géifen Disqualifizéiert ginn an herno dierfe mer awer nach matspillen, et schéngt also iergendwéi dach méiglech ze sinn. Mat de Resultater aus de leschte béide Jore wier et fir Zukunft awer vläicht besser de Spiller déi Angscht vun enger Disqualifikatioun ofzehuelen.

Wann een awer lo eis agesiess Basketballer, an och d’Volleyballer a Futtballisten, freet wisou se net méi oft gewonnen hunn, dat wäerten se engem als Äntwert soen: Ma et war wéinst dem Kascht! Virun allem beim Basket fënnt een an de Joren 2011 bis 2014 en eendeitegen Zesummenhang tëschent McDonalds Iessen a Victoiren, wien hätt dat geduecht. Et schéngt bal als géif dat ongesond McDo Iessen en Géigegewiicht zu der gesonder, sportlecher Aktivitéit duerstellen an sou dat sensibelt, ënnerlecht Gläichgewiicht vun eisen Héichleeschtungssportler rëm hierstellen.

2007 haten sech eis Volleyballer eng flott Aktioun iwwerluet an hunn passend zu hire rouden ARBED’s Trikoten a passend zu der Zäit em Chrëschtdag eng Kleeserchersmutz ugedoen. Leider huet hinnen dat am Match awer wéineg gehollef an si si just déi 14. ginn. De Präis fir de schéinsten Outfit, den et leider net gëtt, hätten se domat awer op alle Fall gewonnen.

2005 waren et eis Futtballisten déi hirer Kreativitéit fréie laf gelooss hunn. Genervt vun der Tatsaach dat d’UNI.LU am Foussball oft gewonnen huet, well hier Spiller nach all zu Lëtzebuerg am Veräi spillen, wollten se dësen eng kleng Sauerei virbereeden. De Standardgesang: “Dir kritt vun der Mamm gekacht Schalalala!” ass dat Joer also net duer gaangen an sou hunn eis Spiller en Kondom mat Handcrème gefëllt an dësen an d’Gewennercoupe gestach. De Spaass konnt natierlech nëmme funktionéieren, wann d’UNI.LU och tatsächlech déi éischte Plaz géif gewannen. Sou sollt et herno awer net kommen a Stroossbuerg huet d’Coupe fir déi éischte Plaz, samt klenger Iwwerraschung gewonnen. Et kann een hallt net alles aplangen.

Wann een da lo en sportlecht Fazit vum Tournoi de Noel fir den AVL wëll zéien, sou sinn et d’Joren 2013 (Volleyball: 1., Basketball: 1., Fussball: 2., Gesamtpokal: 1.) an 2015 (Volleyball: 1., Basketball: 1., Fussball: 6., Gesamtpokal: 1., Saufpokal: 1.) déi am erfollegräichste waren. Wann een da lo nach bedenkt dat beim AVL quasi alles a 7 Joresschrëtt ofleeft (siehe REEL), kann een dervun ausgoen dat den AVL och dëst Joer (2022) ganz erfollegräich beim Tournoi de Noel wäert ofschneiden.

Tabell mat de Placéierunge vum AVL vun de Joren 1988 – 2019. An Klammere steet jeeweils de Gewënner vun dem Joer, falls et net den AVL war.

Joer Volleyball Basketball Fussball Gesamtsieg
2019 4. (Freiburg) 10. (Köln) 5. (Tréier) 3. (Saarbrécken)
2018 5. (Bréissel) 11. (Tréier) 3. (LUNEX) 5. (Bréissel)
2017 13. (Köln) 3. (Tréier) 9. (Saarbrécken) 8. (Köln)
2016 4. (Freiburg) 4. (Wien) 4. (Baschtneg) 1. Oochen
2015 1. Oochen 1. Oochen 6. (Bréissel) 1. Oochen
2014 2. (Köln) 2. (Köln) 8. (UNI.LU) 2. (Köln)
2013 1. Oochen 1. Oochen 2. (UNI.LU) 1. Oochen
2012 3. (Karlsruhe) 2. (UNI.LU) 3. (Innsbruck) /
2011 7. (Saarbrécken) 1. Oochen 10. (Tréier) /
2010 7. (Saarbrécken) 1. Oochen 6. (Köln) /
2009 12. (München) 2. (UNI.LU) 6. (UNI.LU) /
2008 16. (Köln) 1. Oochen 7. (Köln) /
2007 14. (Innsbruck) 4. (UNI.LU) 11. (Köln) /
2006 16. (Stroossbuerg) 3. (UNI.LU) 11. (Tréier) /
2005 8. (Innsbruck) 2. (UNI.LU) 10. (Stroossbuerg) /
2004 10. (Stroossbuerg) 8. (Stroossbuerg) 10. (Saarbrécken) /
2003 8. (Bréissel) 7. (ISTL) 11. (ISTL) /
2002 8. (Stroossbuerg) 9. (Saarbrécken) 8. (ISTL) /
2001 10. (Stroossbuerg) 2. (ISTL) 5. (CUNLUX) /
2000 17. (Tréier) 10. (ISTL) 18. (Karlsruhe) /
1999 10. (Bréissel) 5. (ISTL) 6. (Stroossbuerg) /
1998 (Stroossbuerg) (ISTL) (Stroossbuerg) /
1997 3. (Stroossbuerg) (CUL) (Innsbruck) /
1996 (Stroossbuerg) (ISTL) (ISTL) /
1995 (Stroossbuerg) 2. (ISTL) (ISERP) /
1994 1. Oochen 3. (ISTL) (Saarbrécken) /
1993 (Saarbrécken) 2. (ISTL) (Nancy) /
1992 1. Oochen 1. Oochen (Nancy) /
1991 1. Oochen 1. Oochen (ISERP) /
1990 1. Oochen (CUL) (Stroossbuerg) /
1989 (Stroossbuerg) 1. Oochen 3. (ISERP) /
1988 (Stroossbuerg) (Kaiserslautern) (Karlsruhe) /