Kulturreesen AVL

vum Lynn Aachen

Béiss Zonge behaapten, datt Oochener Student*innen sech net wäit fort vun hirer Heemescht Lëtzebuerg getraut hunn. Menger Meenung no, fannen des Aussoen hiren Ursprong an der Jalousie net selwer an sou enger schéiner an oppener Stad ze liewen.

Obwuel den AVL a seng Memberen sech an der Kaiserstad sou wuel fillen, zitt et si heiansdo méi wäit fort.

Den AVL huet scho fréi mat senge Memberen Dagesausflich ënnerholl. Et ass awer schwéier des komplett hei nidderzeschreiwen, well se bäi wäitem net all dokumentéiert goufen. Oft sinn d’AVLer awer fir een Dag op Maastricht gefuer. Bréissel, Antwerpen, Eupen, Köln, Tréier an aner Nopeschstied waren och beléift Destinatiounen. Besonnesch ernimmenswert ass hei Bréissel. Iwwert ongeféier ee Joerzéngt war d’Faart mat enger Péniche iwwert d’Senne an der belscher Haaptstad festen Deel vum Programm am Summersemester.

Doniewent ass den AVL och ëmmer gär aner Studenten an hier Stied besiche gaangen. Sief et divers Intercerclen a Form vun engem Rallye zu Köln, Stroossbuerg oder Karlsruhe. De Beachvolleyballturnéier zu Kaiserslautern zéit och lo nach ëmmer vill sport- an och drénkbegeeschtert AVLer*innen am Juni op Kaiserslautern. Op Léck huet et och ëmmer rëm vill AVLer verschloen, fir da mat de Lécker Student*innen op der d’Saint-V, d’Saint-Nic oder och der Saint-Torré ze feieren.

Eicht Hiweiser op eng Rees déi iwwer länger Dauer an och méi wäit fort war, ginn et am Protokollbuch vum AVL am Joer 1961. Demols wollte se zunächst op Hëpperdang (!?) fueren a well dat nit gung, si se op Amsterdam gefuer1. An deem Protokollbuch ass weider vun enger Rees Ried déi 1962 sollt op München goen, am Enn si awer nees op Amsterdam gefuer. D’Iddi vun enger Rees déi am Kader vum AVL stattfanne soll, ass an de 70er nees ageschlof. An den 80er gouf et guer keng Rees an an den 1990er ëmmer nëmmen een Dag. Trotzdeem sinn d’AVLer awer weiderhi matenee gereest. Sief et am Kader vun der Exkursionswoche déi vun der RWTH organiséiert gouf oder am Kader vun der ANEIL. D’ANEIL ass d’association nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois. Et ass also kee Wonner dat vill Oochener Student*innen do Member waren an un dëser Rees deelgeholl hunn. Ëmmerhin ass Oochen bis elo nach fir seng gutt ingenieur-, naturwëssenschaftlech an technesch Studiegäng bekannt. Een Hiweis op d’Participatioun vu villen AVLer*innen un der ANEIL-Rees hunn ech am Karel 23 vum Summersemester 2002 fonnt.

Déi éischt Vakanz déi ech fonnt hunn déi den AVL da selwer geplangt an och zesummen ënnerholl huet, war den Abrëll 2003. Aacht AVLer hunn sech no dee Klausure vum Wantersemester op de Wee an d’Schwäiz op Saas-fee gemaach. An de Schwäizer Alpen hunn d’Oochener Studenten hiert Kënnen am Ski respektiv Snowboard fuere mee awer och beim Drénken ënner Beweis gestallt.

Ab deem Zäitpunkt fënnt ee méi reegelméisseg Opzeechnungen zu enger gemeinsamer Vakanz.

De Begrëff Kulturrees, wéi mir en haut och nach benotzen, taucht fir d’éischt am Karel 36 op. Do sinn am Summersemester 2008 eng Rëtsch AVLer*innen zesummen op Hamburg gefuer. Op Nofro hin bei dem Kulturminister Joe Malget vun dem Joer ob hie speziell Virbiller hat oder wéi déi Iddi zustann komm ass, war d’Äntwert dat hien nach ni Hamburg war an eemol dohi wollt. Ab deem Joer hunn d’Kulturreesen och ëmmer em dee selwechten Zäitpunkt stattfonnt; Enn Mee bis Juni. De Grond dofir ass warscheinlech dat déi ganz Klausuren am Summer et engem onméiglech maachen, een Zäitraum ze fanne wou et méiglechst ville Leit passt. Fir dësen Zweck bitt sech dofir déi sougenannt Exkursionswoche un. D’RWTH Aachen University setzt all Joer eng Woch ëm Päischte fest an der keng Vorlesunge sinn. D’Iddi hannendrun ass, dat d’Student*innen déi Zäit notze fir sech op Exkursioune weider mam Studienstoff ze befaassen oder Unternehmensbesuche ze ënnerhuelen. Et ass awer kee Wonner dat Student*innen déi Woch awer gär notze fir mateneen an d’Vakanz ze fueren. Ëmmerhin huet ee soss nämlech, ofgesi vun der Chrëschtvakanz, ni richteg fräi. An de Joren 2008 bis elo ass den AVL dowéinst an der Exkursionswoche matenee fortgefuer.

Joer Mount

Zil Participatioun
2004 Courcehevel 8 Persounen
2005 Courchevel 8 Persounen
2008 Mee Hamburg
2009 Mee Berlin
2010 Mee München
2011 Juni Prag
2012 Mee (31.) Hamburg
2013 Montpellier
2014 Amsterdam
2015 Mee Wien
2016 Dublin
2017 Juni Prag
2018 Mee München
2019 Juni Budapest
2021 Tignes
2022 Barcelona
2023 Mee Warschau
2024 Bologna

Wéi mir alleguerte wëssen huet 2020 an 2021 d’Pandemie dat normaalt Studenten- an domat d’Cercleliewe leider net méi zougelooss. Deementspriechend war et dunn och net méiglech eng Kulturrees sou wéi déi lescht 10 Joer ze ënnerhuelen. 2021 dunn hunn d’AVLer*innen de Wee an d’Ausland awer rëm fonnt. Well d’Coronasituatioun am Summersemester nach onsecher a schlecht aschätzbar war, gouf d’Kulturrees an de Wanter verluecht. Wei et och heizou passt, war et net ee Städtetrip wéi soss, mee eng Skivakanz. Zu Tignes a Frankräich konnten sech d’AVLer*innen sech op de Skipisten austoben. Ob et lo rëm méi oft Skivakanze ginn, oder ob den AVL bei Städtetrips bleift wäert d’Zukunft weisen. Fir d’Wantersaison 2022 ass op alle Fall nach eng Skivakanz geplangt. Am Summersemester 2022 konnt den AVL dann och endlech rëm an d’Sonn. Zu Barcelona gouf vill Sangria gedronk a geléiert wéi ee Salsa danzt.

Ofschléissend kann ech soen, dass mir beim duerchliese vun deene verschiddenen Artikelen am Karel an och bei de Gespréicher mat AVLer*innen an Anciens aus verschiddenste Generatiounen opgefall ass, dat d’Memberen sech eigentlech onofhängeg vun der Destinatioun an och vum Zäitpunkt ëmmer eng gutt Zäit matenee verbruecht hunn. All Rees an all Dagesausfluch huet seng eegen Insider, witzeg Geschichten an Erënnerungen. Et wieren der vill ze vill déi hei all opzezielen. Mee ech mengen et kann een awer schlussfolgernd soen, dat Kulturreese feste Bestanddeel vum järleche Programm solle bleiwen. Wéi kenne mir deenen anere Stied a Länner och soss weisen, wéi gutt mir eis amuséieren kënnen?


  1. Comptes rendus des assemblées du AVL du 3.12.1959 au 21.1.1964, Säiten 28 an 30. IN: Vereinsarchiv, Akte FD-289-026 []