Di folgend Artikelen goufen 2024 nach nogereecht an ergängen den Artikel vum Dirigent Pascal Theis, deen den Zäitraum von 2002 bis 2009 beschriwwen hat.
Philippe Weides (2020 – 2024)
Wéi ech 2019 zu Oochen mäi Studium ugefaangen hunn, war de Männerchouer nach ënnert der Leedung vum Pierre Duhr. Obwuel d’Prouwe flott waren a mir och méi oder manner den Toun getraff hunn, sinn se leider méi oft ausgefall, wéi dass se stattfonnt hunn. Och membertechnësch hat de Chouer zu där Zäit een Déifpunkt, mir waren zu ca. 8 Mann – an dann och just wa jiddereen an der Prouf war. Op der Agape vun den Anciens an deem Joer hun den deemolege President Pit Jans an de Mathis Michels op mech ageried, ob ech net wéilt dem Pierre säi Posten iwwerhuelen, well hien am Januar 2020 souwisou géif ophalen. Ech wier jo motivéiert an ech hätt jo och Erfahrung mat Musek sooten si. No net sou laanger Diskussioun sinn ech also op der AG 2020 als neien Dirigent virgestallt ginn an daat obwuel ech net emol do war.
Ech haat mer als Zil gesaat all Woch eng Prouf am Kaktus ze halen an daat huet och zimmlech gutt geklappt. Mat méi Prouwen hunn sech da no a no och ëmmer méi Leit dem AVL-Chouer ugeschloss – deen ass 2020 ëmbenannt ginn fir méi inklusiv ze sinn an och weiblech Stëmmen an eis Räng opzehuelen. D’Pandemie huet do leider e Strëch duerch déi Rechnung gemaach a sou huet de Revival vum Chouer nach e bësse misse waarden. Nodeems d’Restriktiounen dann endlech opgehuewe goufen konnt den AVL-Chouer richteg lassleeën. Et war all Woch virum lëtzebuerger Owend Chouerprouf an all AVLer am Kaktus huet méi oder manner fräiwëlleg matgesong. Mëttlerweil ass et eng Ausnahm wa keng Prouf ass a motivéiert Sänger a Sängerinnen hu mer en Masse, also: Zil erreecht!
„Et soll een ophaale wann et am schéinsten ass“ heescht et jo oft, an daat hunn ech mir dëst Joer och geduecht an decidéiert den Dirigentestab weiderzeginn. De Choix fir de nächsten an der Rei war kee schwéieren, et war sou ze soen net emol e Choix, mee eng logesch Konsequenz. De Ben spillt an enger Musek, ass all Woch an der Prouf an ass héich motivéiert. Waat wëll ee méi?
De 25. Januar 2024 gouf de Ben offiziell zum Dirigent vum AVL-Chouer a mir hätten definitiv kee bessere kéinte fannen. Méi zu senger Erfahrung am Chouer zielt hien iech awer elo selwer.
Ben Graas (2024 – présent)
Meng Erfarungen am AVL-Chouer hunn am Wantersemester 2021 ugefaangen. Ech krut mat dass Méindes um 20h00 Stammdësch ass an hu mer geduecht dat wier déi Richteg Platz fir nei Leit kennen ze léieren an an d’Studenteliewe kënne ran ze starten. Pünktlech um 20h hott et da geheescht mer genge sangen. Liescht iwwerfuerdert vun deene villen Texter hunn ech probéiert matzesangen. Et hott mech erstaunt wéi vill Leit matgemaach hunn a keen hott sech geschummt oder verstoppt. Déi Ambiance zitt mech bis haut nach ëmmer an de Kaktus.
Wie dunn de Bierbeachelor am Januar war, hott de Weides mer geschriwwen op ech Loscht hätt den AVL-Chouer ze iwwerhuelen. Dat ganzt war bëssen onerwaart komm, well ech ni geduecht hätt dass de Weides willt ophalen. Et war mer schon iergendwéi bewosst dass ech de Posten eng kéier geng iwwerhuelen, mee dass et sou séier geng kommen hätt ech net geduecht. No net laangem iwwerleeë soot ech zou a war vun do un deen neien Dirigent.
Ech hat bëssen déi selwecht Visioun wie de Weides. All Méinde Prouf. Et war mer virun allem wichteg de Repertoire vum Chouer bëssen auszeschaffe fir net ëmmer déi selwecht 10 Lidder ze sangen. Bis lo sinn ech op liichte Widderstand getraff ,wann ech eppes Neies ustëmme wollt ,mee no der 3 Kéier sangen ass et da scho remm gutt. Eis AVLer sinn alt gewunnechts Déieren.
Dunn stoung schon deen eichten Optrëtt virun der Dier, eis Ponttorfeier. Mer hate 4 designéiert Prouwe fir déi mer extra een RWTH Sall reservéiert haten. Prouwen hunn ëmmer 1h30 gedauert a ware guer net schlecht besicht mat +-15 Sänger, an 2 Sängerinnen. Den Optrëtt selwer war genial. Se hu gesonge wie d’Engelcher. D’Sponsore ware begeeschtert, virun allem eis al Oochener, wat mech mega gefreet hott.
Ech si stolz, dass ech de Chouer leeden duerf a soen eisem Weides nach eng Kéier een décke Merci, dass ënnert senger Leedung de Chouer zu deem ginn ass wat e lo ass. Mer hunn Der vill ze verdanken.
Dirigenten vum AVL
| Joer | Numm | Beleg | Bemierkung |
|---|---|---|---|
| 1990 | Sylvain Schrantz | 1. Zeitung | Zeitung hat nach keen Numm |
| 1991 | Tom Roster | 2. Zeitung | “ |
| 1991 | Marcel Belche | Um Karel 3, SS 1990 | |
| 1992 | Jean Metz | Eegen Erënnerung | Programm war staark un Dullemajiks orientéiert |
| 1993 | Marcel Belche | Um Karel 6, SS 1993 | |
| 1994 | Marcel Belche | Um Karel 8, SS 1994 | Organiste: Guy Putz |
| 1995 | Tom Roster | Um Karel 10, SS 1995 | |
| 1996 | Claude Bellot | Um Karel 12, SS 1996 | Belche huet den Oochener Student dirigéiert |
| 1997 | Claude Bellot | Eegen Erënnerung | |
| 1998 | Michel Asorne | Um Karel 16, SS 1998 | Bericht vum Wicht |
| 1999 | Michel Asorne | Um Karel 18, SS 1999 | Guff nit genannt, mee op der Foto gutt ze gesinn |
| 2000 | Michel Asorne | Um Karel 21, WS 2000 | |
| 2000 | Siebenaler | Eegen Erënnerung | Vu Jama a Piggel |
| 2001 | Poli Schummer | Um Karel 38, SS 2009 | Reprint vum Karel Artikel an desem Heft |
| 2002 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | |
| 2003 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2004 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2005 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2006 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2007 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2008 | Pascal Theis | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2009 | Pol Dax | Um Karel 38, SS 2009 | “ |
| 2010 | / | Um Karel 40, SS 2010, p. 5 | |
| 2011 | Tom Goeckel | Um Karel 41, WS 2010, p. 5 | |
| 2012 | Sacha Hack | Um Karel 45, WS 2012, p. 6 | |
| 2013 | Sacha Hack | Um Karel 46, SS 2013, p. 7 | |
| 2014 | Christian Joly | Um Karel 48, SS 2014, p. 43 | |
| 2015 | Christian Joly | Um Karel 50, SS 2015, p. 7 | |
| 2016 | Um Karel 52, SS 2016, p. 7 | ||
| 2017 | Pierre Duhr | Um Karel 54, SS 2016, p. 42 | |
| 2018 | Pierre Duhr | Um Karel 60, SS 2020 | |
| 2019 | Pierre Duhr | Um Karel 60, SS 2020 | |
| 2020 | Pierre Duhr | Um Karel 60, SS 2020 | |
| 2021 | Philippe Weides | Um Karel 62, SS 2021, p. 7 | |
| 2022 | Philippe Weides | Um Karel 62, SS 2022, p. 11 | |
| 2023 | Philippe Weides | Um Karel 66, SS 2023, p. 8 | |
| 2024 | Ben Graas | Eegen Ausso | |