D’Oochener Fraen

Vum Sophie Hellinghausen (21.02.2022)

Wien scho mol zu Oochen an enger Virliesung vun de Maschinnebauer war, dee mierkt direkt, dass eppes feelt: d’ Fraen! Och am AVL huet ee laang musse waarde bis di éischt Fraen sech getraut hunn an dësem Männerdomaine matzemëschen.

Hautdesdaags gesäit dëst scho ganz aneschters aus: Am Joer 2021 hat den AVL nees eng Presidentin a mëttlerweil sinn di wichtegst Posten am Comité reegelméisseg och vu Frae besat.

Ma elo als éischt awer mol vu vir ugefaangen.

D’Entwécklung zu Oochen op der RWTH

1870 huet déi Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule-RWTH hir Dieren fir Studenten opgemaach. Réischt am Joer 1908 kruten d’Fraen d’Rescht iwwerhaapt a Preußen op d’Universitéit ze goen. Prompt hunn sech 1909 op der RWTH zu Oochen di éischt zwou däitsch Fraen ageschriwwen an si waren domadder di éischt di sech an en Domän getraut hunn, dee vu Männer dominéiert war1 . An den 20er Joren huet sech och di alleréischt Lëtzebuergerin op der RWTH ageschriwwen an huet Chimie studéiert. Leider huet si sech am 2. Weltkrich den Däitschen ugeschloss an huet domadder di Lëtzebuerger Nationalitéit verluer2.

Foto von Frau Professor Maria Bredt-Savelsberg
Bild 53: Prof. Maria Bredt-Savelsberg. Foto vun 1956

Am Laf vun de Joren ass d’Unzuel vun de Fraen op der RWTH stänneg an d’Luucht gaangen an di éischt Fra, d’Maria Bredt-Savelsberg, huet 1918 hiren Doktertitel an der Chimie gemaach. Sie war och di éischt Fra di Professorin op der RWTH ginn ass, an dëst um Léierstull fir organesch Chimie.

Dest war en emanzipatoreschen Duerchbroch. Allerdéngs waren d’Fraen nach ëmmer rare geséint virun allem an de klassesche Männerdomainen ewéi dem Maschinnebau, Bauwiesen, Elektrotechnik asw. 1990 hunn d’Frae knapp 25% vun den ageschriwwene Studente representéiert, a leider mol keng 2% waren an der Professur täteg. 2002 ass dunn de Fraenundeel op der gesamter RWTH ëmmerhin op 39% eropgaangen.

Aktuell (Stand Dezember 2020) leit de Fraenundeel bei de Studéierende bei 33%. Et gëtt och weiderhin dru geschafft d’RWTH a virun allem di technesch Domäne fir Fraen intressant ze maachen an Zil ass dass den Undeel un Professorinne bis 2030 op 30% soll eropgoen. Dest soll erméiglecht ginn duerch dat sougenannte Frauenförderungsgesetz wat d’Chancëgläichheet soll verbesseren an d’Benodeelegung vun de Fraen opgrond vun hirem Geschlecht evitéieren.

D’Entwécklung am AVL

Säitdeem 1870 déi Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule-RWTH gegrënnt gouf, waren och direkt déi eicht Lëtzebuerger ageschriwwen. Di hunn dunn och e floréierenden Studenteveräin gegrënnt deen och scho fréier vill Memberen hat3. Leider sinn Donnéeën net komplett, esou dass net all d’Joren ofgedeckt sinn a mer net kloer wësse wéi vill Lëtzebuerger sech tatsächlech zu Oochen an/oder am Veräin ronderëm gedriwwen hunn. Och ass net präziséiert ob et sech em Männer oder Fraen handelt, eng Fraequot ze definéieren ass deemno immens schwiereg.

Gewosst ass awer, dass an de 60er Jore keng eng Fra Member vum AVL war. An de 70er an 80er waren ëmmer mol rëm just vereenzelt Fraen am Veräin derbäi.

Statistik
Graphik 1: Entwécklung vun der Memberszuel

Ab den 1990er Jore goufen d’Memberslëschte vum AVL lues awer sécher digitaliséiert, esou dass hei méi präzis Donnéeë virleien. Deemno louch d’Fraequot an den 90er Joer bei Ronn 9%. Mam Anzuch vum Computer an all Haushalt, goufen och d’Memberslëschte méi konsequent digitaliséiert, esou dass mer mi genee wësse wéi sech d’Fraequot entwéckelt huet (Grafik 2 heidrënner). Des Entwécklung ass änlech ewéi déi op der gesamter RWTH : d’Unzuel u Fraen am AVL hellt kontinuéierlech zou, allerdéngs si mer nach e Stéck vun den 30% Prozent ewech di d RWTH hautdesdaags opweises huet.

Graphik:  Fraenundeel a % am AVL säit den 90er Jore bis haut
Grafik 2: Fraenundeel a % am AVL säit den 90er Jore bis haut

D’Entwécklung am Comité vum AVL

Punkto Fraequot kennt de Comité vum Akademescher Veräin d’Lëtzebuerger eng änlech Entwécklung. Trotz der Grënnung vum AVL am Joer 1897, huet et bal 80 Joer gedauert bis dass di 1. Fra sech getraut huet dem Comité bäizetrieden. D’Mariette Mai ass 1974 als Sekretärin „vereedegt“ ginn, leider huet hatt et just 2 Wochen op sengem Posten ausgehalen an ass dunn demissionéiert. Wourunner dat wuel leie kéint…

12 Joer drop huet sech eng wieder Fra, d’Gabrielle Retter an de Comité gewot. Him wäert et besser gefall hunn, well hatt ass 1987 di 1. Vice-Presidentin vum AVL ginn an dat zwee Joer hannerteneen.

An den 90er Joren ass di 1. Sekretärin gewielt ginn, d’Sandrine Igel. Tâche als Sekretärin huet hatt vun 19911992 ausgefouert.

Wéi der gesitt kann een d’Fraen di bis an d’2000’er am Comité vum AVL waren op enger Hand opzielen. Ab deem neie Joerdausend sinn awer dunn ëmmer méi reegelméisseg Posten am AVL vu Frae besat ginn an et ass seelen e Joer gi wou d’Männer am Comité keng weiblech Ënnerstëtzung haten (Grafik 3 hei drënner).

Balkendiagramm. Geschlechter im AVL Vorstand
Grafik 3: Unzuel u Frae par Rapport zu Männer am Comité vum AVL

Och e sougenannten Doris Klitt war ganz beléift bei de Wieler, leider huet hatt sech ni perséinlech am Comité weise gelooss an huet seng Mandater ni ugetrueden.

2017 war et dunn esou weit an den AVL sollt seng 1. Presidentin kréien: d’Annick Hoffmann! Chapeau! Iwwer 100 Joer sollte vergoe bis dass eng Fra un der Spëtzt vum Traditiounsveräin ass. Weiblech Ënnerstëtzung krut hatt vu weidere 4 Fraen, esou dass 2017 éischtmoleg genee esou vill Fraen ewéi Männer am Comité waren.

An der Generalversammlung vum 20.01.2021 gouf dunn nees eng Presidentin gewielt: d’Jeanne-Marie Wagener.

Wéi der gesitt ass et iwwert Jore lues a lues zu enger Selbstverständlechkeet ginn, dass Frae Mandater am Comité iwwerholl hunn an sech fir de Veräin agesat hunn.

D’Entwécklung bei den Anciens vun Oochen

Kuckt een sech di aktuell Memberslëschte vun den Anciens vun Oochen un, muss ee gutt siche fir ënnert den 160 aktive Memberen d’Fraen ze fannen. Just 15 Frae si momentan Member vum Anciensveräin. Vu dass Zuele vun de Fraen am Studenteveräin AVL di lescht Jore stänneg an d’Luucht gaange sinn, ass d’Hoffnung do dass si no hirem Studium de Wee bei d’Anciens fannen.

D’Entwécklung am Comité vun den Anciens

Am Comité vun den Anciens ass d’Situatioun nach méi dramatesch. Réischt 2016 hunn sech di 2 éischt Fraen entscheet an de Comité vun den Anciens ze goen. Dëst waren d’Caroline Gaspar a meng Wéinegkeet Sophie Hellinghausen. Mir sinn den Anciens bis dato trei an hoffen op weider weiblech Ënnerstëtzung an de nächste Joren.

Ewéi der gesitt, huet sech vill gedoen punkto Fraequot zu Oochen. Net nëmmen d’Bild vun der Oochener Uni huet changéiert ma och dat vum AVL a sengem Comité huet sech vill verännert: vun engem renge Männerclub, zu engem geschlechtlech ausgeglachene Veräin, wou d’Fraen sech net scheien fir sech z’engagéieren an am Comité di wichteg Poste vun der Presidentin, Vice-Presidenten, Tresorière a Sekretärin z’iwwerhuelen. A wie weess, villäicht sinn ab nächstem Joer souguer méi Fraen am Comité ewéi Männer… et wier ze hoffen, vu dass d’Virdeeler vun engem weibleche Leadership op der Hand leien… ;-) ?


  1. Kuckt op https://www.archiv.rwth-aachen.de/web/rea/Seite/studentisches_stud_frau.htm []
  2. Politesch Prozesser. In: D’Unio’n, 2. Jg., nº 187 (06.12.1945), p. 4. []
  3. Statistik nach Daniel Erpelding „Rull de Wack“, Aachen 1997. S 66 und 75 []