Oochener Summerolympiad 2025

Kubb-Set mit einem König, vier Spielfeldbegrenzern, sechs Wurfhölzern und zehn Kubbs
Foto von Peter Voeth alias "Die Silberlocke"
When:
June 28, 2025 @ 10:15 – 18:00
2025-06-28T10:15:00+02:00
2025-06-28T18:00:00+02:00
Where:
A mouschelt

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

Well Sport jo anscheinend jonk hält, an de Veräi vun den Alen Oochener all senge Memberen eppes Guddes well maachen, invitéiere mir och dëst Joer erëm op eng Summerolympiad. Di jonk Oochener vum AVL sinn och agelueden.

Et ginn dräi Sportaarten ugebueden, do ass fir jiddereen eppes dobäi:

  1. Beachvolleyball
  2. Petanque
  3. Wikingerschach

Gespillt gi Petanque a Wikingerschach an Ekippe vun 2. Beim Beachvolleyball gi jeeweils 2 Ekippen zesummegeloust di da géint 2 aner Ekippe spillen (et sinn also 4 Spiller pro Säit um Terrain). An deem Sënn biede mir iech bei der Umeldung unzeginn, mat weem dir an enger Ekipp wëllt sinn. (Wann et iech egal ass mat weem dir an der Ekipp sidd, dann drot einfach “Mister X” an der entspriechender Case an.)

Optional kënnen déi eenzel Sportler sech nach bei engem Béierlaf vu ganzen 1,5 km moossen. De Gewënner vun der Course gewënnt eng gëlle Kou ?.

Dat Ganzt fënnt statt:

Samschdes de 28ten Juni 2025. ab 10:15 Auer.

D’Olympiade start genau um 11:00 Auer. (Fir de Spillplang net duercherneen ze bréngen, verléiert ee Forfait wann een net pünktlech ass. Sot wgl. Bescheed wann dir net um 11:00 kënnt do sinn.)

D’Adress ass:

“A Mouschelt” – Beim Barbecue, 250, rte de Fischbach, L-7447 Lëntgen.

Zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 20 Juni, mathëllef vum Formulaire heidrënner, un.

Fir Iessen a Gedrénks fir d’Mëttesiesse gëtt gesuergt.

Foto von “Die Silberlocke”

Umeldung:

Summerolympiad 2025
Virnumm a Nonumm
Virnumm a Nonumm
Virnumm
Nonumm
Ech well bei folgende Sportarte matmaachen:
Ech grille mat:


ugemellt sinn:

Virnumm a Nonumm
Ekipp / Partner
Andreia,Alves
Jenny,Bourg
Filipe ,Rodrigues
Sebastian,Schnit
Leny,Nickels
Philippe,Weides
Maly,Arens
Lynn,Winkin
Giada,Haase
Ben,Graas
Tom,Jemming
Philippe,Hirtt
Luc,Jakoby
Lisa,Schweig
Lisa,Schweig
Philippe,Hirtt
Tom,Goeckel
Anita,Barthelmy
Pol,Mathay
Christian,Even
Tzvetomir,Tzvetkov
Michel,Heckel
Guy,Lux
Serge Hoschi,Hoscheid
Michel,Hansen
Caroline ,Gaspar
Joe,Malget

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.