Assemblée Générale

Wéi och schonn d‘lescht Joer hu mir eis am Restaurant D’Rackett zu Bartreng fir eis alljärlech AG getraff.

Vun all Generatiounen haten sech Membere versammelt . Och de Comité vum AVL war mat 3 Membere vertrueden.

Déi üblech Punkte goufe beschwat.

Eng Neiegkeet ass d’Festleeën vun der Unzuel vun de Comitésmember: et sinn der lo 16. Nodeems de Louis Philippe net méi am Comité wäert sinn. Mir soen him villmools Merci fir säi laangjäregt Engagement!

Vun den Aktivitéite wäerten dëst Joer déi üblech traditionell Evenementer statt fannen, wéi Grillfest, AVL Olympiade, Agape, Keelespillen, mee et wäert och eppes Neies ze entdecke ginn, zur Propose steet en „DinnerHopping“ an engem Oldtimer-Bus.

An wéi all 7 Joer ass et dann endlech erëm esou wäit: d‘REEL huet hire Comeback zu Oochen! Dat wäerte mir eis als al Oochener natierlech och net entgoe loossen.

Doropshin: op en neit flott an erfollegräicht Joer!

 

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.