Rapport vun der Agape 2018

Nodeems d’Sophie on Invitatioun fir d’Agape den 13. Oktober erausgescheckt hat, hu sech eis Memberen dunn ugemelt an och d’Studente konnten iwwerzeegt ginn mat enger héichrangiger Delegatioun deelzehuelen.

Participatioun

Herno hu sech 60 Leit afond, dorunner 40 Memberen an 6 Studenten, an zwar di folgend:
Asorne Michel (2), Barbarini Nadine, Boden Claude (2), Dax Pol (2), Erpelding Daniel, Frantzen Luc, Friederici Claudine, Gaspar Caroline, Gengler Philippe, Guerkinger Pol (2), Halsdorf Pit, Hansen Michel, Heckel Michel, Hermes Tom, Heynen Yves (2), Hoscheid Serge (2), Joly Christian, Kayser Franky, Kieffer Alain (2), Lux Guy, Mahowald Guy, Mahowald Pierre, Meisch Jacques, Muller Ben (2), Nickels Tom, Peterhänsel Elke, Philippe Louis (2), Richartz Carlo, Schmalen Joel (2), Schmalen Laurent (2), Schmit Pit, Schreiner JP, Schumacher Sebastian, Schweig Pierre (2), Spaus Anne, Theis Pascal (2), Van der Weken Lisa, Waringo Michel, Wraight Sean an Zhan Ou-xi (2).
Souwéi d’Studenten: Arens Maly, Frising Emilie, Jans Pit, Schmitz Willy, Schweig Lisa an Tzvetkov Tzvetomir.

Oflaf

Di gréisste Schwierigkeet vum Owend dierft fir di meeschte Leit doranner bestanen hunn, mol bis dohinner ze kommen, well souwuel de Staffelter wor gespaart, ass wéi och den direkte Wee dohinner laanscht d’Kiirch.


Wéi d’Leit do waren kruete se den Aperitif zerwéiert an dat ass nahtlos iwwergaangen zum Iessen, wat di ganzen Zäiten a klenge Portiounen zerwéiert guff, well eis Agape hat déi Kéier d’Form vun engem sougenannten “Walking Diner”. Dat hat de grousse Virdeel, dass jiddereen de ganzen Owend eng grouss Ofwiesselung bei de Gespréichspartner hat an nit fir di längsten Zäit op d’Gespréichigkeet, Laun an Eloquenz vun denen Leit ugewisen war, di niewt him sutzen.
Gedrénks dogéint, huet een missten um Comptoir bestellen an och herno selwer bezuelen.

Speech, Präsi

Dono huet dunn de Präsident eng Ried gehalen, wou sech erfreet gewisen huet, dass di nei Formule offenbar gutt ukomm wor, an endlich mol nees eng gréisser Zuel vun ale Kollegen op eis héichste Fest komm sinn.
Hien huet noch nach eng Kéier op de soziale Wandel higewisen, dass haut un sech bal genausou vill Memberen präsent waren, wéi Ugangs 2000, just dass haut méi Memberen hieren Partner nit matschleefen an anerer wiederum e Member zum Partner oder Partnerin hunn.

Speech, Präsident vum AVL

Anschliessend huet de Präsident dem Tzvetomir Tzvetkov, dem neie Präsident vum A.V. d’Letzeburger d’Wuert ginn. Deen huet sech als éischt mol bedankt fir di Ennerstetzung wellech d’Ancienen hierem Veräin zoukommen loossen, sief et als Veräin, sief et als eenzelne Member. Dono huet hien d’Manifestatiounen opgelëscht di hiere Comité d’Joer duerch ennerholl huet. Des Lescht huet een déifen Androck bei den Alen hannerlooss, well se sou laang a vollstännig wor!


Stëmmung wor awer immens gutt, dem Tzvetomir huet sou grouss Begeeschterung ausgeléist dass souguer spontan di letzt Strof vum “Oochener Student” ugestëmmt gouf.

D’Spill mat der Ham

Anschliessend kruet dunn de Vizepräsident Guy Lux d’Wuert fir den Héichpunkt vum Owend: d’Spill mat der Ham!
Hien huet kuerz d’Regelen nach eng Kéier erklärt:

  • De Keessier Schrulli hat se am Schluechthaus kaaft, a wusst och als Eenzigen dat genaut Gewiicht!
  • De Schrullig huet als eenzigen och nit dierften um Spill deelhuelen, mee huet dofir Lousbongen fir 5 Euro/Steck verkaft
  • All Member konnt Bongen kafen. Op all Bong konnt hien 2 Estimatiounen ofginn
  • Herno guff da gekuckt wien am nosten drun wor

Dono gungen de Schrullli an de Guy mat der Ham rondrem an hu Bonge verkaaft an d’Leit fläissig geroden.

D’Foto an de Gewenner vun der Ham

Um Ureegung vum Lisa, dat de Präsident virdrunner chargéiert hat fir deen Owend e puer Fotoen ze maachen well hien hat als gutt Fotographin um “Ponttor” kennegeléiert hat, hunn d’Leit sech dann all opgestallt fir eng Gruppefoto ze maachen. Wien nit op d’Gruppefoto, di dann den Guy Mahowald fir ons gemeet huet, wollt drop kommen, konnt sech eweg halen, derweil Still fir di Al erbäibruecht goufen an d’Emilie an d’Maly vum Comité vum AVL di wierklich schwéier Ham an d’Bild gehalen hunn.


Gläich dono huet de Guy dann d’Resultat vum Spill mat der Ham verkënnegt:

  • wien wäit vum richtige Gewiicht eweg lung
  • wien bal richtig lung
  • a wien letzlich am richtigsten geschat hat: de Pierre Mahowald

Deen konnt anschliessend d’Ham dann och vun der Studentin Emilie iwwerreegt kréien.

Ausklang

Domadder war den Owend awer nach nit gelaf! Den Dirigententheis huet eis all drun erennert, dass die meeschten och mal eng Kéier am Männerchouer waren, oder mannst fréier mol “gutt” sangen konnten an et gouf den “Oochener Student” gesongen, des Kéier mat alle Strophen!
Entretemps hate mir héieren, dass de Männerchouer et zu Oochen mëttlerweil schwéier hätt: just nach 8 Männer sangen, an si hu keng Geleeënheete méi fir opzetrieden! Well mir virdrunn et schon emol an Erwägung gezunn haten huet de Guy du spontan dem Comité vum AVL den Optraach ginn derfir ze suergen, dass de Männerchouer ab elo übt, fir dass hien d’nächst Joer e würdigen Optrëtt op der Agape liwwere kann!
Dunn hunn d’Studente sech verabschiedet, well di meescht vun hinnen wollten nach op Oochen fueren, fir deen aneren Dag können zu Köln pünktlich um 11:11 un der Aktion Intercercle deelzuhuelen.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.