Den AVL zu Zäiten vum Coronavirus

Vum Lynn Aachen

Och wann kee méi eppes vum Covid-Virus héiere well, huet de SARS-CoV-2 d’Liewe vun de Studenten och zu Oochen uerdentlech aus der Bunn geworf an gehéiert dowéinst och zu der 125 Joer aler Geschicht vum AVL (an domat Betounung op Geschicht, an der Hoffnung dat de Coronavirus net weider eng present Roll am AVL an och soss wäert spillen).

Dat heite gëtt och eng relativ subjektiv Schilderung. Jiddereen huet dës Zäit anescht opgeholl an ech kann ëmmer just fir mech schwätzen, mee ech probéiere mech op dat ze limitéiere wat den AVL betrëfft.

Enn 2019 hunn ech fir d’éischt Kéier vun engem sougenannte Corona-Virus héieren. Et huet ee kuerz an den Norëschten héieren, dat et puer Fäll a China ginn, mee méi awer och net. Ufank Mäerz 2020 gouf ech zu Oochen vun engem Reporter ugesprach a gefrot ob ech Angscht hätt selwer um Coronavirus ze erkranken an/oder ob ech Angscht hätt dat mäin Liewe kéint beaflosst ginn. Ech hunn dorops souverän verneent. Ech wier jo nach jonk an hätt ee gesonden Immunsystem. Ausserdeem wieren et jo net sou vill Fäll bis well an Europa an d’Warscheinlechkeet dat ech mat engem a Kontakt kommen, wier jo awer relativ kleng.

Kuerz drop hunn eng Rëtsch Memberen vum AVL (een dovun war ech) den 10.03.2020 de Wee op Léck fonnt fir do mat den Lécker zesummen d’St.Torê ze feieren. Do sinn mir mat Dausenden aneren Lécker Studenten mat Charioten duerch d’Stad gefuer, hunn gedronk an gefeiert. Deen Dach drop hunn mir eis och all op enger Platz getraff fir do mateneen ze feieren. Den Chapi owes war ofgesot wéinst deem ,,komeschen Coronavirus”. Déi belsch Regierung féiert awer eng op, firwat dierfen mir net wéi soss feieren?! Amplaz vum Chapi dierften mir eis awer open-air treffen, fir do mateneen ze danzen an ze drénken. Et kann een sech jo net ustiechen wann een zu 10.000 Leit ze feieren, wann et un der frëscher Loft ass. D’Justine -eng aner AVLerin- krut vun sengem Papp geschriwwen, dat et sech vun friemen Mënschen distanzéieren soll fir eng Infektioun mam Virus ze verhënneren. Mir hunn bei der Norëscht just geschmunzelt, ëmmerhin stoungen mir deen Moment schonn säit 3h an der Mëtt vun Honnerten friemen Leit. Eis war d’Ausmooss vun der ganzer Affär einfach net bewosst.

Een Dach nom Intercercle, den 12. Mäerz, huet d’lëtzebuerger Regierung ugekënnegt, dat dat ganzt Land ab en Méinden an den Lockdown geet. Ab dem 16. Mäerz bleiwen d’Schoulen zou an Télétravail gëtt ugefaangen. Och an Däitschland war dat net vill anescht. d’Dezernat 3.0 vun der RWTH deelt mat:

Das Rektorat der RWTH Aachen sieht nach intensiver Beratung und nach Rücksprache mit den zuständigen Ministerien des Landes Nordrhein-Westfalen und dem Krisenstab von Stadt und Städteregion Aachen keine andere Möglichkeit, als alle anstehenden Klausuren und Praktika sowie alle sonstigen Veranstaltungen ab sofort bis einschließlich 19. April 2020 abzusagen.

Mir hunn eis zu dem Abléck an der Schlussphas vun der Klausurenphas vum Wantersemester 19/20 befonnt. D’Klausure goufen ofgesot an et wousst een net op a wéini déi nogeholl ginn. De Semesterbeginn vum Summersemester 2020 gouf op den 20. Abrëll verluecht, deemools nach an der naiver Hoffnung dat sech d’Situatioun bis dohi rëm berouegt huet. Den 8. Abrëll 2020 war dunn och offiziell kloer, dat Präsenzuni bis op Weideres net méiglech wäert sinn an et gouf ugekënnegt, dat d’Summersemester 2020 als Online-Semester stattfanne wäert. D’Dezernat 3.0 schreift heizou:

,,In absehbarer Zeit werden nach Mitteilung des zuständigen Landesministeriums keine Präsenzveranstaltungen stattfinden können – das Sommersemester beginnt, wie bereits kommuniziert, als Online-Semester.”

Den AVL selwer war am Mäerz net konkret betraff, well an der Klausurenphas selwer jo souwisou ni Events oder Änleches vum AVL organiséiert ginn.

Den AVL Comité 19/20 huet trotz der ongewinnter Situatioun probéiert d’Leit ofzelenken an déi ongewinnt Situatioun mat Online Meetings ze iwwerbrécken.

Den 6. Mee huet dann deen éischten virtuellen Stammdësch stattfonnt, deen ab do all Woch Méindes owes war. Och déi éischt virtuell Soirée huet net laang op sech waarden gelooss. Den 11. Mee huet deen éischten Quizowend stattfonnt.

Een decken Merci un den AVL Comité fir hier Beméiungen. Ufangs waren d’Leit och nach motivéiert, mee d’Situatioun gouf mat der Zäit ëmmer méi belaaschtend. Ausserdeem houng een wéinst der Uni selwer och well genuch virun de Bildschiermer.

No laangem Hin an Hier gouf dunn och endlech eng Decisioun fir d’Klausuren geholl déi wéinst deem éischten Lockdown net stattfannen konnten. Des Klausuren sollten ab dem 11. Mee 2020 nogeholl ginn. Do konnt all Institut an Proff sech selwer een Datum festleeën. Et konnt dunn senn, datt Leit den Mee an Juni Klausuren noschreiwen missten. Dat dann iert am Juli déi ordinär Summersemesterklausuren ugefaange hunn. D’Klausurenphas vum Summersemester geet normal ëmmer bis den Ufank vum doropfolgendem Wantersemester. Wann Leit besonnesch Pech haten, dann war d’Klausurenphas dono 5 Méint laang. Mee net nëmmen duerch Klausuren koum rëm Liewen an d’Uni.

  • De 15. Mee ass d’Haaptgebai an den RWTH Shop vun der Uni opgaangen.
  • De 17. Juni 2020 sinn d’Mensen vun der RWTH rëm op gaange.
  • Ab dem 30. Juni konnt ee Lernplätze in der Unibibliothéik buchen.
  • Een Datum deen och méi wichteg fir den AVL ass, ass den 7. Juni 2020. Do huet deen éischte lëtzebuerger Owend a präsenz am Kaktus stattfonnt. Endlech konnte mir säit dem Ufank vun der Pandemie een op der Terrass zesummen drénken.

D’Klausurenphas huet sech awer och wärend Corona net stoppe gelooss. Am Summersemester konnten d’Klausuren ënnert strenge sanitäre Moossnamen dunn a Präsenz stattfannen. D’RWTH ass de Student*innen awer entgéint kommen an deem een sech och nach 24h virun der Klausur ofmelle konnt. D’Begrënnung heifir war, dat jiddereen dee Symptomer huet, doheem bleiwe soll. Ausserdeem gouf eng Freiversuchsregelung agefouert. Pré-Covid an och mëttlerweil rëm war et sou, dat een eng Klausur maximal 3 Mol schreiwen dierft an dann eng mëndlech Prüfung hat. Wann een des net gepackt huet, dann ass een a ganz NRW fir dee bestëmmte Studiegang gespaart. D’Freiversuchsregelung huet awer dofir gesuergt, dat ee wann ee wärend dëse Corona-Semesteren eng Klausur net gepackt huet, kee Versuch verléiert. Mir perséinlech sënn och Fäll bekannt, bei deene Leit divers Klausure bis zu 7 Mol geschriwwen hunn, iert d’4,0 dunn endlech an der Täsch war. Corona huet an deem Sënn verschiddene Student*innen de Studium gerett.

De 14.Juli 2020 huet den Virus d’Liewen vun den lëtzebuerger Student*innen zu Oochen ee gutt Stéck méi komplizéiert gemaach. Leider hat sech d’Zuel vun den Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg sou uerg verschlëmmert, datt Däitschland d’Land nees als Risikogebitt agestuuft huet. D’Folgen dovu waren, dass sech d’lëtzebuerger Studenten 2 Wochen a Quarantän hale musse wann een aus Lëtzebuerg an Däitschland areest. Ausserdeem misst een sech bei der Arees beim Gesondheetsamt mellen. D’Raimlechkeete vun der RWTH konnte fréistens 1 Woch no der Arees rëm benotzt ginn. Leit déi geplangt haten no dem 14. Juli op Oochen ze fuere fir kuerz dono eng Klausur ze schreiwen haten een riese Probleem. Zwar konnt ee mat engem negative PCR-Test déi 14-tägesch Quarantän evitéieren, mee d’RWTH dierft een awer net betrieden. Eng gutt Rëtsch Leit hunn sech dunn illegalerweis awer getraut d’Klausur schreiwen ze goen a goufen och net erwëscht. Puer Leit (inklusive mir) konnten d’Klausur(en) dunn net schreiwen a misste fir den Zweittermin nach eemol léieren. No e puer Deeg gouf dunn awer eng extra Regelung fir d’letzebuerger Student*innen agefouert. Lo ass een negative PCR och der RWTH duergaangen. Déi ganz Coronaregelungen -sief et vun der Uni, dem Bundesland NRW oder komplett Däitschland sinn am Verlaf vun deene leschten 2 Joer ëmmer rëm geännert an ugepasst ginn. Des all opzeziele géif de Rahme vun dësem Artikel sprengen an dat Ganzt och relativ monoton maachen. De Rescht vun der Klausurenphas ass dunn méi oder manner roueg ofgelaf an d’Klausure konnten all geschriwwe ginn.

Wéi dunn d’Vorlesungszeit vum Wantersemester 20/21 starte sollt, war kloer dat d’Unzuel un Neiinfektiounen dëst net zouloosse wäert. Dat ganzt Semester huet also nees als Online Semester stattfonnt. Fir d’éischt Kéier missten d’Klausuren dunn och online ugebuede ginn. Dat war ee riese Gedeessems well déi ganz Ëmsetzung wéinst Dateschutz an Täuschungsversich net sou ganz einfach war. Well d’Uni net sou richteg viru gemaach huet a puer Instituter sech ufangs geweigert hunn d’Klausuren online ze maache goufen d’Klausurtermine deelweis ëmmer rëm no hanne geréckelt. Dëst ass sou weit gaangen, dat Student*innen hier Wanersemesterklausuren deelweis nach an der Vorlesungszäit vum Summersemester schreiwe missten. Déi weider kritesch Coronasituatioun huet awer och fir den AVL geheescht, dat online Veranstaltungen iwwert zoom déi eenzeg Méiglechkeet bleiwen eppes ze organiséieren. De Comité gouf den 20. Januar an enger online Assemblée Générale gewielt. Och dëse misst sech ufangs mat online Eventer zefridde ginn. Dëst sollt sech awer de 6. Abrëll änneren. Do huet nämlech de Student fir een Dag an enger staark reduzéierter Versioun um Uni.lu-Site um Belval stattfonnt. Dëst war allerdéngs och net wierklech een AVL-Event, well do just 2 Comitésmembren a soss nëmme Primaner an domat potenziell futur AVL-Membre konnten deelhuelen. Ee Mount méi spéit de 6. Mee konnt dunn endlech eng gréisser Veranstaltung stattfannen. Well d’Erstië vum Wanter 20/21 bis well nach keng Méiglechkeet haten den AVL aneschters wéi just duerch de Bildschierm kennenzeléieren, huet de Comité een Ersti-Rallye organiséiert. Dëst awer an der Stad zu Lëtzebuerg, well d’Corona-Mesuren do méi frëndlech ware wéi nach zu Oochen. Dat war dunn och de Startschoss an engt méiglechst normaalt Summersemester fir den AVL. Eng Béierwanderung, de Staffellaf, een aktive Weekend mat Kayak, Karting a Golf als Alternativ zur Kulturrees, ee Spikebal-Tounoi, ee Rallye, d’belscht Béierfest, d’Ofsch(l)ossfest, de Studentebaal an d’REEL konnt stattfannen. Just d’Ponttorfeier war net am Summersemester. Déi gouf vum Comité aus Angscht viru weidere Mesurë virsiichtshallwer an den November geréckelt. D’Wantersemester 2021 war dunn endlech nees een ,,normalt’’ AVL-Semester mat allem wat dozou gehéiert. Natierlech huet een nach mat klengen Upassunge wéi enger begrenzt Teilnehmerzuel un Events an och d’Schnelltestpflicht viru Veranstaltunge misste liewen, mee allgemeng war den AVL an all seng Membere frou dat een d’Studenteliewe rëm sou genéisse konnt wéi virun dem Ausbroch vun der Pandemie. Mëttlerweil spiert een de Corona-Virus jo sou gutt wéi guer net méi. Ech mengen dat ech am Numm vun eis all soe kann dat dat och sou bleiwe soll.

Quell fir d’Chronik vun den Decisiounen déi wéinst Covid vun der RWTH getraff guff an d’Zitater vum Dezernat 3.0: https://blog.rwth-aachen.de/corona/page/39/>