OFGESOT: AGAPE 2020

Leif Memberen,

Leider ass et wéint der leedeger Pandemiesgeschicht ze riskant fir dësen Evenement, an der Form wéi mir en all kennen, ze organiséieren. De Comité vun den Ancienen huet dofir schwéieren Häerzens décidéiert, dëst Joer net op d’AGAPE ze invitéieren.
Well et awer och ze einfach wär, just alles ofzesoen, wäerte mer Iech trotzdem, fir den 21.11.2020, een Evenement proposéieren dat eppes mat engem Patt an engem gudde Maufel ze dinn huet. Dofir halt Iech deen Datum onbedingt fräi!

Wann d’Situatioun et erlaabt, gëtt et fir 2021 natierlech erëm eng regulär AGAPE.

Merci fir äert Verständnes.

De Comité vun den Ancienen

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.