oder
léiwer haard wi richteg

7 JOËR DIRIGENT VUM OOCHENER MÄNNERCHOUER
Ech ka mech nach genau u meng éischt Prouf am Männerchouer erënneren. Dat war am Oktober 2001. Am „Eimer“ (vill Leit vun iech wäerten deen net méi kennen, well mir scho laang net méi do ware ?) war d’Soirée de Bienvenue. Dëst war dann och déi éischt Méiglechkeet am Semester fir de Männerchouer, nees mat de Prouwen unzefänken. D’AGAPE stoung virun der Dir. Ech hat schonn iert ech ugefaangen hunn, duerch de Guy an de Jean-Marie, vum Oochener Männerchouer héieren, an hunn dat direkt genial fonnt, a wollt vun Ufank un dobäi sinn. Deemools war de Poli nach Dirigent. Ech ka mech och erënneren dass ech an engem Lidd direkt schonn e Feeler un eisem Geséngs erkannt hunn. Ech mengen et war „Eng Drëppchen“. Ech hunn dunn de Poli natierlech direkt missen a Kenntnis setzen, wat awer bei deen aneren net sou gutt ukomm ass. „Domme Sale Bleu“ koum et vu riets a lénks. Dee Moment hat ech scho geléiert, dass een Aalbewäertes net ännere soll: Och wann net gesonge gëtt wat op den Noute steet, soulaang et gutt kléngt a scho Joren sou gesonge gouf, da bleift et dobäi. Op der AGAPE deemools konnt ech awer leider net dobäi sinn.
2002
Deen éischten Optrëtt hat ech op dem Suff senger Hochzäit, am Mee 2002. Hei hunn ech um Piano gespillt, wéi och e Mount spéider um Ponttorfest. Ech mengen et war och deemools déi éischt Kéier am Gewölbekeller vum Haaptgebai.
Fir de Poli war dat awer leider de leschten Optrëtt mam Oochener Männerchouer. Hien huet eis Richtung I.S.T. verlooss. Et war zu Gréiwemaacher um Concert vun den „Dubliners“, wou hie mech gefrot op ech net wéilt Dirigent gi. Ouni ze zécken hunn ech jo gesot.
Wat hat ech mir nëmmen dobäi geduecht………..
Als éischt Aktioun vun engem neie „Schouljoër“ stoung dann nees d’AGAPE um Programm. Dat war mäin éischten Optrëtt als Dirigent vum Oochener Männerchouer. Deemools nach zu Bech beim Steinmetz. Et war ëmmer e wäite Wee bis an den Osten, mee en huet sech ëmmer gelount. Eleng scho wann den Armand (Steinmetz) um Schluss mat sengem Drëppe-Weenche komm ass.
2003
De Recht vun der Saison war et roueg, bis zum Ponttorfest am Juni 2003. Eng éischte Kéier hunn ech dierfen den Oochener Männerchouer virun den Oochener dirigéieren. Deemools hunn d’Leit och nach all bis zum Schluss nogelauschtert…….
An der Semesterwakanz hat den nächsten Ancien eis op seng Hochzäit invitéiert. De Pitti hat eis op Jonglënster op de Golf geruff. Getraff hate mir eis am Pico Bello zu Jonglënster fir eis waarm ze sangen. No engem Lidd a 4 Béier hu mir eis dunn op de Wee Richtung Golf gemaach. Hei gouf et Schampes a Schnittercher iert mir dem Pitti d‘Éier erwisen hunn.

Am Oktober war d’REEL zu Tréier. Och hei huet den Oochener Männerchouer natierlech net dierfe feelen. Op der grousser Trap op der Marie-Astrid hu mir gesonge, Donneschdes Moies un 10:00. Eng ideal Aktioun fir 4 Deeg Spaass unzefänken.
Déi nächst Saison gouf dann nees mat der AGAPE zu Bech agelaut.


2004
Als nächst koum eng Aktioun déi ech scho bal nees vergiess hat. Op Ufro vum Jonny aus der MOB huet den Oochener Männerchouer am Januar 2004 e klengen Optrëtt an der Motorbar gi, op engem gewéinlechen Thekenabend. Op d’Preisen trotz Nouten déi si ausgedeelt kruten, verstane hunn wat mir gesongen hunn, sief dohigestallt.

Den 1. Mee hunn mir eng éischte Kéier der ACEL „Happy Birthday“ gesonge. Eisen Daachverband hat dat Joer hiren 20ten Anniversaire am Cercle an der Stad gefeiert. An als musikaleschen Entre-Acte tëscht de schéine Wierder vun den héije Gäscht koum natierlech keen aneren wei den Oochener Männerchouer a Fro. No der Receptioun hu mir awer scho rëm missen heem. Den Highlight vun deem Dag war souwisou d‘Waarmsangen um Kiosk op der Plëss. Mir kruten nämlech Applaus vun de Leit op den Terrasse ronderëm. An dat an enger Prouf!
Déi gréisst Aktioun an deem Summersemester waren awer d’Opnamen zu eiser CD „Den Oochener Männerchouer … op der Sich nom verluerenen Toun“. No enge jett ustrengende Prouwen zu Oochen hu mir eis op der Houschter Déckt beim Koeppe Jhemp fir e Weekend Musical zesummefonnt. 2 Deeg laang geprouft, gutt giess, e puer Klatze gehäit an no gedoener Aarbecht gouf et dann och deen een oder anere Béier. Op alle Fall war et en ustrengende Weekend.
Natierlech gëtt op sou engem Weekend vill domm geschwat. Dofir hei déi bescht Zitater:
- „Léiwer héich wéi richteg“ (D’Hechterchter aus der Stad)
- „Denkt drun am leschten Takt den Wupp un ze halen“ (Lëtzebuerger Spezialitéiten)
- „Wann der dat lo richteg sangt, get et eng Iwwerraschung: Ech doë mech plakeg aus an da kënnt dir u mir fummelen“ (Wild Rover)
- „Ech kréien en net héich“ (Guy Lux), op dem Dirigent säin Opruff: „Dee laang ausgehalenen „e“ ass méi héich wi dee virdrun“ (La donna é mobile)
En décke Merci geet hei un de Koeppe Jhemp, dass mir seng Keelebunn als Proufsall kruten, an dass mir sou gutt bekacht goufen.
Mee fir sou eng CD ze produzéiere brauch ee méi wéi just e Chouer. Ogheholl gouf dat Meeschterstéck vum Philippe Matge, a senger Stuff. Un dëser Stell also e grousse Merci un dech Philippe! An Merci dem Daniel Toth vun CD-Press fir déi gutt a schnell Aarbecht.
Am Juni, huet et nees geheescht: Wäin drénken op Lëtzebuerg!
A well d’ACEL dat Joer nach ëmmer hiren 20ten Gebuertsdag hat, hu mir hinnen dann och am Juli um ACEL’s-Bal um Bouillon gesonge. Dat war eise gréisste Feeler. Si hunn eis gewollt, mee näischt fir eis gemaach. No zwee Lidder an nodeems déi vu Cluster 5 eis d’Show geklaut hu ware mir nees erof, an hu mat Béier dat bescht aus dem Owend gemaach.
Eng Woch dono hu mir zu Schengen am Park vum Schlass gesonge. De Chris hat dem Conny d’Jo-Wuert gi, a mir engem laangjäregen Oochener a Sänger e klenge Ständchen.
2004 war d’AGAPE an der Briddeler Stuff. De Kascht war hei e bësse méi rau wéi beim Steinmetz zu Bech. E Fierkel vum Spieß gouf et mat Speckgromperen a Saubounen. E puer alen Anciens wäert et wuel net geschmaacht hunn, well d’Joer drop si mir nees dichteg iesse gaangen.
2005
Et war nees Zäit fir eng Hochzäit, de Luti, och jorelaang zu Oochen an am Männerchouer huet eis op Holzthum an d’Eisléck invitéiert fir him bei Schampes a Béier e puer Lidder zum beschten ze gin. Des war di lescht Hochzäit wou mir bis lo invitéiert goufen. Mee anscheinend huet de Franky schon ugklappt. Mir kommen natirlech gäer =) D’CD war zwar schonn sou gutt wéi an der Këscht mee et hunn nach e puer Lidder gefeelt. Déi goufen dunn 2005 op der Ponttorfeier Live opgeholl. E Merci geet hei un den Heni, deen deen Owend den Tounmeeschter war. Domat war de Projet CD ofgeschloss an se konnt an den Drock goen. An hei geet och e grousse Merci un den Dan Heusbourg an un den Hoffi, déi dee super Cover a Booklet gemaach hunn. Dass de Fändel op der Foto schif houng hat näischt mat eisem Geséngs ze dinn ?
Et war nees Zäit fir eng Hochzäit, de Luti, och jorelaang zu Oochen an am Männerchouer huet eis op Holzthum an d’Eisléck invitéiert fir him bei Schampes a Béier e puer Lidder zum beschten ze gi. Des war di lescht Hochzäit wou mir bis lo invitéiert goufen. Mee anscheinend huet de Franky schonn ugeklappt. Mir kommen natierlech gär ?
Am Oktober 2005 ass dunn net nëmmen d’CD offiziell rauskomm, mee och huet den AVL nees gewisen zu wat hie fäeg ass. D’REEL hunn si op Oochen geholl a véier groussaarteg Deeg organiséiert. Et war natierlech selbstverständlech dass den Oochener Männerchouer a senger Heemechtsstad opgetrueden ass. Op der éischter Soirée am Bar Museo…..
…. an op der Soirée Officielle am Casino, tëscht der Ochsenschwanzsuppe an dem kollektiven Nudismus.
Nodeems et dat Joer virdrun e puer Alen Oochener an der Briddeler Stuff net sou super geschmaacht huet, war et lo un der Réiser Stuff. Mee och hei huet net alles geklappt. De Béier war ofgelaf, de Service huet net geklappt, an d’Iesse war och lo net sou berauschend. Virun allem wat d’Gréisst vum Plat ubelaangt. Amuséiert gouf sech trotzdeem an och de Männerchouer huet, ënnerstëtzt vun den Anciens, nees alles ginn.

2006
Als Highlight vu menger Karriär bis dohi war eisen Optrëtt um Karlspräis. De Jean-Claude Juncker krut 2006 dës éierevoll Auszeechnung. Et hat gereent, mee dat huet eis net dovun ofgehale um Katschhof virun der Empore op d’Éieregäscht ze waarden an de Wilhelmus ze sange fir och den Heng ze begréissen. Et war mir eng Éier eise Premier an eise Groussherzog bei der Heemecht ze dirigéieren. Dat kënnen der nach net vill vun sech behaapten.
Nom éischten Optrëtt war da Paus ugesot. Mir kruten eng Tut voll Bonge fir op de Stänn Béier ze kréien, mee meng Männer hunn de Lëtzebuerger Wäin am Lëtzebuerger Zelt dem Bitburger virgezunn, sou dass herno nach eng jett Bongen iwwreg waren, déi op dem dësjärege Karlspräis awer nach ënnert d’Leit bruecht goufen. Mee net just dat ass dobäi rauskomm. Déi meescht haten nees méi gedronk wéi se verdroen, wat een dann herno och op der Bün gesinn huet. Et hat also net vill bruecht dass ech se deen Dag virdrun owes um 12:00 aus dem Kaktus heem an d’Bett geschéckt hu fir dee Moien drop fit ze sinn. Et war grousse Kino, deen Optrëtt, och wann net mega vill Leit do waren, wéinst dem schlechte Wierder. Et ass awer just gutt gi well mir zolidd dofir geprouft hunn. E Proufdag beim Koeppe Jhemp, an eng etlech Prouwen zu Betteng mam Pianist hunn et scho misse sinn. A wa mir scho beim Pianist sinn. E grousse Merci un de Fränz Theis, fir déi professionell Begleedung um Piano. A wa mir scho beim Piano sinn, e grousse Merci un den Här Beaujean vun der Musikschule Aachen fir de Stage-Piano dee mir zur Verfügung gestallt kruten. E leschte grousse Merci geet un den Här Olaf Müller vun der Abteilung Europäische Angelegenheiten vun der Stadt Aachen, dass hien eis dëse groussen an eemolegen Optrëtt organiséiert huet.
No eisem groussen Optrëtt um Karlspräis ware mir all e bëssen ausgeleiert. Dofir war och den Optrëtt um Ponttor 2006 zolidd an d’Box gaangen. Et war, mengen ech, eise schlechtsten Optrëtt. Den Heini sot nach ech hätt sollen nom Karlspräis ophalen, nom Motto et sollt een ophale wann et am schéinsten ass. Et war deemools um Karlspräis och am schéinsten, a wann ech et sou gemaach hätt, hätt ech de Misär op der Ponttorfeier natierlech net méi misse mat erdroen, virun allem net als Dirigent. Mee Gott sei Dank, hunn ech awer weider gemaach, a bereien et net…….

Eisen éischten offiziellen an ëffentlechen Optrëtt zu Lëtzebuerg hate mir am September 2006 op der Plëss. D’UNI.lu hat den Oochener Männerchouer als musikaleschen Highlight invitéiert, den neie virwëtzegen UNI.lu-Studenten op hirer Journée d’Information op der Plëss an der Stad e Stéck Lëtzebuerger Musek ze presentéieren. Och wann d’Organisatioun net sou super gelaf ass, et ware just 6 Sänger, obwuel ech der 12 erwaart hat, hate mir awer e flotten Nomëtten an der Stad. An och wann et gereent huet, dat huet de Garçon aus dem Hotel Francais net dovun ofgehale, eis mat Béier ze versuergen. Dofir hei e grousse Merci un de gudde Mann. Merci och dem Schwéier, well hien huet de Kontakt zur UNI.lu hiergestallt, an do e grousse Merci un den Här Francois Crabon deen dat ganzt organiséiert huet. Nom Optrëtt um Kiosk op der Plëss hu mir dem Stater Buergermeeschter an dem Direkter vun der UNI.lu am Foyer vum Stater Geschichtsmusée de Feierwon zum Beschte ginn.
2006 war d’AGAPE dann awer nees an der Briddeler Stuff, nodeems dat Joer virdrun sech och déi Réiser net vun hirer beschter Säit gewisen hunn.
2007
Eisen nächste groussen offiziellen an ëffentlechen Optrëtt hate mir am Juni 2007 zu Geilenkirchen. Dës kleng léif Stiedchen, 30km vun Oochen, huet eis am Kader vun hirer Manifestatioun: Geilenkirchen blickt auf Europa, a wou dës Kéier Lëtzebuerg dru war, invitéiert, fir eisen däitsche Matbierger Lëtzebuerger Gesangsgudd méi no ze bréngen. Ech hat mech e bësse verkalkuléiert wat d’Dauer vum Trajet mam Bus vu Lëtzebuerg, iwwer Housen, Oochen op Geilenkirchen ubelaangt. Knapps ware mir ukomm, hu mir scho missten op d’Bün, fir den éischten Deel vun eisem Optrëtt. No enger Paus, e puer Béier, an engem Optrëtt vun de Kayldallbléiser, war et dunn nees un eis. Als Kaddo huet dono eng Këscht mat Wäin aus der Géigend op eis gewaart. E grousse Merci dem Claude Mahowald, dem Guy sengem Brudder, dass en sech zougemutt huet eis um Piano ze begleeden. E Merci och un de Buschauffer dee mat eis e bësse Misär hat well den Hoffi d’Liedersëtzer mat Béier besuddelt hat. Ech hat de gudde Mann dëst Joer um Jonggesellenabschid vun engem Kolleeg begéint (hien hat eis an d’Belsch op de Paintball gefouert). Hien konnt sech nach drun erënneren a sot dass et am Fong guer net sou schlëmm war. Merci dem Här Beaujean vun der Musikschule Aachen fir dass hien eis och des Kéier nees de Stage-Piano geléint huet. E leschte Merci geet dann un d’Madamm Ingrid Oeben vun der Stad Geilenkirchen fir d’Organisatioun vun dësem Optrëtt.
D’Ponttorfeier war 2007 fir d’éischt an zweetlescht am Aachener Fenster ? De Guy Lux ass souguer extra op Oochen komm, fir eis bei eisem Optrëtt ze hëllefen. A wéi och en anere grousse Lëtzebuerger Här op sengen Optrëtter, gouf hei de Guy bei sengem Antreffe mam Wilhelmus begréisst.
Dat Joer ware mir wierklech richteg a Faart. Eisen nächste groussen Optrëtt hate mir am August um Picadilly. Et war net alles ofgelaf wéi geplangt, mee trotzdeem haten opmannst mir eise Spaass. An déi 3 Këschte Picadilly hunn eis an den ustrengende Prouwen am November an Dezember och gutt gedoen. Hei geet de Merci un de Michel Marx vum Greiweldenger Club des Jeunes deen eis deen Optrëtt erméiglecht huet.
Et war nees Zäit fir eng REEL. Des Kéier huet d’Destinatioun München geheescht. Freides mëttes sinn ech mam Guy Lux am Gepäck vu Lëtzebuerg an déi bayresch Haaptstad gerannt, fir owes an der Nachtgallerie déi éischt Béier ze knacken. Den Oochener Männerchouer war réischt Samschdes un der Rei. Am Hotel Maritim hu mir de Studenten an de geluedene Gäscht eng Handvoll Lëtzebuerger Lidder presentéiert, iert eise Studenteminister seng Turnkënscht ënner Beweis gestallt huet.
Et ass engem bal dronke gi wéi et geheescht huet: Dëst Joer ass d’AGAPE nees zu Réiser. Hei hat awer lo alles geklappt, bis op eise Proufraum. Mir wollten eis nees wéi schonn 2 Joer virdrun op der Keelebunn warmsangen. Dëst Joer war hannert där Dier awer déi nei Kichen…… Dunn hu mir eis alt an d’Keelt gestallt. Do ass de Béier dann och net sou schnell waarm gi.
Als Ofschloss vun engem grandiose Joer koumen eis Optrëtter um Oochener an um Eupener Chrëschtmaart. Um Aachener Weihnachtsmarkt opzetrieden war scho säit Laangem e Wonsch vu mir, an deemools hunn ech einfach mol bei der Stadt Aachen ugefrot op mir do kéinte matmëschen. Et war eng ganz nei Erausfuerderung fir den Oochener Männerchouer, mee ech war frou menge Männer weisen ze kënnen dass et och aner „cool“ Lidder gi, wéi just d’Hesperkustch an d’Dikrecher Béierlidd. Et war d’Gebuertsstonn vun engem neien Ouerewuerm. „The Twelve Days of Christmas“ war deen Hit schlechthin. Am Ufank hat ech geduecht dëst Lidd wier dat schwéierst fir hinne bäizebréngen, mee do hat ech mech getäuscht. Auswenneg, a mat engem Fonkelen an den Aen hunn si et gesongen. Eng grouss Aktioun war och d’Organisatioun vun eise Weihnachtsmann-Kostümer. Un dëser Plaz e grousse Merci un de Misch, dee spontan fräiwëlleg mat mir bis op Daun gefuer ass fir d’Kostümer ofzehuelen. Dono konnt och näischt méi schif goen. E gelongenen Optrëtt hate mir um Katschhof. Iert et lass gaangen ass hat eise Pianist de Jo et awer nach e bësse spannend gemaach, wéi e wierklech just iert mir et ouni Begleedung wollte maachen, um Katschhof gelant ass, well en an der Klinik nach senge Pflichten huet missen nogoen. Merci Jo, dass du et nach gepackt hues. An och e grousse Merci un d’Madame Gudrun Dobrescu vun der Stadt Aachen.
Deen zweete Chrëschtconcert gouf et dunn zu Eupen. Den AVL hat do e Stand am Lëtzebuerger Eck vum Chrëschtmaart. Op där Plaz hu mir dann och eise Ständche gi, och wann e puer Kölner op Besuch waren ?
Merci soen ech hei dem Hoschi deen dat Ganzt an d’Weeër geleet huet.
2008
Op der Ponttorfeier 2008 konnt dann den zukünftegen Dirigent eng éischte Kéier e bëssen Dirigenteloft schnupperen. Wéi sech dat Ganzt lo unhéieren huet kann ech net soen, well ech jo selwer net do war. Mee ech hunn an England awer un den Oochener Männerchouer geduecht. Hei geet e Merci un den Dax, dass hien do agesprongen ass.
Am November war ech awer schonn zréck, well ech et mir net huele wollt a mengem leschte Studentejoer den Oochener Männerchouer nach eemol bei den Anciens op der AGAPE ze dirigéieren. Deen Dag selwer war awer am Nomëtten nach een Optrëtt. D’ANEIL, den Ingénieurs-Studenten hiren Daachverband, huet seng 50 Joer an der Chambre de Commerce um Kierchbierg gefeiert. Dofir huet natierlech e Männerchouer dee bal just aus Ingenieursstudente besteet net hunn dierfe feelen. Merci Alzin, dass du eis geduecht hues. No 3 Glieser Wäin, 4 Béier, an nodeems mir eise Kaddo a Form vun 12 Fläsche Wäin entgéint geholl hunn, ass et Richtung Réiser bei d’Anciens gaangen. Dass mir Mëttes schonn en Optrëtt a genuch Alkohol haten, huet ee verschiddene Leit och ofgesi. D’Liewen als Musékstar ass eben ustrengend. Musikalesch gesinn ware mir den Owend awer net onbedéngt e Star. Ech denken do un e Lidd wou ëm eng populäre Ballsportaart geet…
Och dëst Joer stoungen zwee Chrëschtconcert’en um Programm. Och déi zwee Optrëtter waren no uneneen an zwar Freides a Sonndes op engem Weekend am Dezember. Deen éischten Optrëtt war zu Ettelbréck am Hôpital Saint Louis. Dem Yves Duhr säi Papp schafft do an huet eis deen Optrëtt erméiglecht. Merci Yves an dengem Papp. 3 mol 20 Minutten. 3 mol de selwechte Programm. Bei der leschte Kéier hate mir eis dunn och zesumme mam Pianist agespillt a ware prett fir déi Eechternoacher.
Zu Iechternach hate mir e puer Startproblemer bis mir decidéiert hate wou mir da lo solle sangen. Virun de Sailen vum Dënzelt hate mir eis opgestallt an e grousst Publikum ugezunn. Den häerzlechen Applaus huet eis du motivéiert eng Stonn dono nach eng zweete Kéier ze sangen, an zwar virum Stand vum Club des Jeunes. Eisen Optrëtt huet och en Oochener Iechternacher organiséiert. Merci Hoschi, dass mir konnten do sangen. A Merci David fir déi top Fotoen. De gréisste Merci geet awer un de Pianosbob, fir seng Begleedung op deenen zwee Optrëtter dee Weekend.
2009
Den éischten Optrëtt 2009 war an der Stad am Park Belle-Vue. Et huet nees Happy Birthday ACEL geheescht. Dës Kéier 25 Joër. Mir mussen an deene 5 Joer säit hirer 20-Joer-Party u Popularitéit gewonnen hunn, well des Kéier konnte mir fir d’Iesse bleiwen, wat no laangem hinanhier dann och gratis fir eis war. Da séngt een natierlech gären.
Mäi leschten Optrëtt mam Oochener Männerchouer hat ech viru Kuerzem op der Ponttorfeier. Dëse Concert wäert ech am beschten an Erënnerung halen. Net just well et dee leschte war, mee och well ech gesinn hunn, wat ech aus dem Oochener Männerchouer konnt raushuelen, wann se nëmme wëllen. Ech soe just „The Lion Sleeps Tonight“. Zwee Méint hu mir un dem Stéck geprouft. Ech ka mech nach un déi éischt Prouf am Abrëll erënneren. An zwou Stonnen hate mir déi éischt 9 Täkt duerch……. Ech war schonn no um Zweiwelen. Mee ech hunn et dunn awer duerchgezunn, well och meng Männer dat wollten. Néng Prouwe laang hunn ech si gestriizt. An et huet gehollef. Et huet um Concert einfach genial geklonge, eis beschte Versioun. E ganz grousse Merci u meng Sänger. An e grousse Merci un iech Oochener dass dir bei dem Lidd nogelauschtert a soumat dem Oochener Männerchouer äre Respekt erwisen hutt, a Merci fir den eemolegen Applaus dono.
Dat war nees en Highlight, an op dësem Punkt befollegen ech, méi oder manner fräiwëlleg, dem Heini säi Rot an halen op wann et am Schéinsten ass =*(
Richteg bewosst ginn dass et lo eriwwer war, ass et mir beim Dominique. E Lidd wat einfach Spaass mecht, an ëmmer anescht kléngt. E flotten Ofschloss a freedeg lescht Téin fir meng 7 Joer als Dirigent vum Oochener Männerchouer.
Deen Owend wäert ech awer och a gudder Erënnerung hale well ech op sou eng wansinneg häerzlech Aart a Weis verabschit gouf, wéi ech se mer ni virgestallt hätt. Merci AVL fir dee super Kaddo, e wäert eng Éiereplaz kréien. Merci Misch fir deng ergräifend Wierder……
MERCI
Et war eng mega Zäit an eng super Erfahrung. Ech wäert déi Zäit mat allen Héischten an Déiwten ëmmer an Erënnerung behalen, genau wéi all déi motivéiert Sänger déi iwwert all déi Jorën Engagement gewisen hun.
- E grousse Merci also un all déi Sänger déi ech hun dierfen dirigéiren:
- Michel “Mischi” Asorne, Philippe Alzin, Steve “Brongen” Braun, Laurent Calmes, Pol Dax, Yves Duhr, Chris Even, Jan Even, Max Friob, Tom Goeckel, Eric “Phons” Gonderinger, Michel Hansen, Michel Heckel, Ro Hilger, Luc Hoffmann, Patrick “Hoffi” Hoffmann, Paul “ Fläschepol” Hoffmann, Serge “Hoschi” Hoscheid, Mike Jaeger, Bob Kasel, Guy Lux, Jan Lux, Guy Mahowald, Jacques Meisch, Tom Rayeck, Carlo Reckel, Pit Schmit, Marc “Schultz” Scholtes, Pol “Poli” Schummer, Pierre “Piggel” Schweig, Jean-Marie “Wujjel” Strasser, Mike Strotz, Marc “Bass” Thill, Jo Tompers, Raymond Willems, Claude Wilwerding, Mike “Wicht” Wolter
- An e grousse Merci un eis Aushëllefspianisten:
- Bob “Pianosbob” Edon, Claude Mahowald, Fränz Theis
- Merci och denen déi bei der Produktioun vun der CD gehollef hun:
- Philippe Matge, Alain “Heini“ Heynen, Patrick “Hoffi” Hoffmann, Dan Heusbourg, Daniel Toth vun CD-Press
- E grousse Merci dir Poli dass du mech „auserwielt“ hues de Männerchouer ze iewerhuelen. Du hues mir doduerch eng eemoleg Erfahrung a lauter super Erliewnisser beschert
- Merci dem Marcel “Bab” fir d’Lidd vum Oochener Student
- An nach emol Merci un déi déi an de leschte Jorën an irgendenger Hinsicht dem Männerchouer gehollef hun, oder him e wäertvollen Dingscht geleescht hun:
- Merci dem Koeppe Jhemp fir d’Keelebunn fir de Weekend Musical fir d‘CD
- Merci der Musikschule Aachen an dem Häer Beaujean dass mir de Stage-Piano fir eis Optrëtter um Karlspräiss an zu Geilenkirchen geléint kruten
- Merci dem Häer Olaf Müller fir den Optrëtt um Karlspräiss
- Merci dem Schwéier an dem Häer Carbon vun der UNI.lu fir den Opträtt op der Plëss
- Merci dem Garçon aus dem Hotel Francais op der Plëss fir de Béier
- Merci der Madame Ingrid Oeben fir den Optrëtt zu Geilenkirchen
- Merci dem Buschauffeur dass hien eis gudd op Geilenkirchen bruecht huet an nees zréck
- Merci dem Michel Marx fir den Optrëtt um Picadilly a Merci fir de Picadilly =)
- Merci der Madame Gudrun Dobrescu fir den Optrëtt um Aachener Weihnachtsmarkt
- Merci eisem Misch fir d’Sichegoën vun de Weihnachtsmann-Kostümer
- Merci dem Jo dass hien et awer nach fir den Optrëtt um Oochener Chrëschtmaart gepackt huet
- Merci dem Hoschi fir den Optrëtt um Eupener Chrëschtmaart
- Merci dem Dax dass hien mech um Ponttor 2008 ersat huet
- Merci dem Alzin fir den Optrëtt bei der ANEIL
- Merci dem Yves Duhr a sengem Papp fir den Optrëtt zu Ettelbréck
- Merci nach emol dem Hoschi fir den Optrëtt zu Iechternach a Merci dem dDavid fir d’Fotoen vun dem Optrëtt
- E grousse Merci och un d’Anciens fir hir Ennerstëtzung an fir d’Invitatiounen op d’AGAPEs
- De gréißte MERCI geet awer un den AVL, un Iech Oochener fir déi jorelaang Ennerstëtzung!
VIVE
- Vive den Oochener Student
- Vive den Dominique
- Vive den Twelve Days of Christmas
- Vive den The Lion Sleeps Tonight
- Vive den Oochener Männchouer
- Vive den alen Dirigent
- Vive den neien Dirigent
- Vive den AVL
- Vive de Comité
- Vive Oochen
- Vive de Jean-Claude
- Vive den Heng
- Vive Lëtzebuerg
Äeren Dirigent, den Theis, de Pascal