Männerchouer

De Männerchouer vun de jonken Oochener Studenten die am AVL zesummegeschloss sinn. Ursprénglech gegrënnt gouf de Chouer am Joer 1963 vun Charles Meyers fir d’Lëtzebuerger Botschaft zu Köln beim Te Deum zu Nationalfeierdag ze ënnerstëtzen.
Ab 1982 goufen di Oochener awer nit méi op den Te Deum invitéiert, mee just nach op den Empfang an d’ Haus vum Lëtzebuerger Botschafter zu Köln. D’ Studenten hunn dorops hin einfach décidéiert, fir dann eben bei deeër Geleeënheet ze sangen. Domadder gouf och de Repertoire vum Liddgutt säkulariséiert, a virun allem Lëtzebuerger Vollekslidder goufe gesongen.
Staarken Opdriff kruet de Männerchouer an den 1990er Joeren spéidestens nodeems de Marcel Belsch, alias Bab, dem Veräin een eegent Lidd “den Oochener Student” geschriwwen hat. Deemols wor och fir d’éischte Kéier eng nennenswäert Unzuel vu weibliche Studenten am AVL, sou dass een sech hätt kinnten iwwerleen fir ee gemëschte Chouer op d’Been ze stellen. D’ Dammen hu sech awer manner interesséiert gewise wéi d’ Häre gemengt haten, mee op alle Fall ass deemools de Numm “Männerchouer” opkomm, fir kloerzestellen, wien do matsangen daarf!
Während der Joerhonnertfeier an der gläichzäitig stattfannender REEL zu Oochen 1997 guff der Männerchouer och national bekannt. Deemols hat di Virstellung den Anciens sou gutt gefall, dass den deemolegen Comité ënnert dem Jean Feyereisen spontan décidéiert huet, den Optrëtt vum Männerchouer an den Oflaf vun der alljährlecher Agape z’integréieren.
Mat dem Emzuch vun der Botschaft vu Köln op Berlin am Joer 2000 ass dem Chouer eng wichteg Geleeënheet verluer gaangen fir opzetrieden. De Chouer leid zënterhier.
Een Héichpunkt wor nach d’Enregistréieren vun enger CD am Joer 2005 ënnert dem Dirigententheis.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.