vum Lynn Aachen (Text) a Jacques Meisch (Recherchen)
De Staffellaf ass säit 1988 feste Bestanddeel vum Summersemesterprogramm vum AVL. Den éischte Staffellaf gouf 1988 vum deemolige Sportsminister Alain Kieffer organiséiert. E sollt dobäi awer net erréischt 1988 mee schon am Joer virdrunner stattfannen. 1987 hunn sech fir dëse Projet leider net genuch Leefer fonnt1. 1988 war et dunn awer sou weit. Freides, den 1. Juli 1988 owes war den Start vum éischte Staffellaf. De Plang war, den 2. Juli em 16:00 Auer op der Place d‘Armes unzekommen. An der Stad hunn d’Oochener Studenten, d’Press an och d’Anne Brasseur als Vertriederin vum Stat d’Staffel empfaange. Des éischt Staffel gouf och direkt finanziell vun der ARBED an der BIL ënnerstëtzt, déi als Sponsor fungéiert hunn. Déi 3. Editioun huet et souguer de 14.6.1991 an d’Luxemburger Wort gepackt. An dem Artikel gouf och erwähnt, datt well keng Startsflagg do war, Dëschdecken aus dem Ratskeller geholl goufen.
De Grondprinzip huet sech säit 1988 net verännert: Memberen vum AVL droen eng Staffel vun Oochen aus bis op Lëtzebuerg. Dobäi gëtt d’Streck an Etappen opgedeelt an d’Staffel gëtt vu Leefer zu Leefer an Etapp zu Etapp viruginn. D’Kilometerunzuel ass hei variabel. De Staffellaf start op der Maartplaz zu Oochen an d’Zil ass gemengerhand de Wunnuert vun dem aktuelle Präsident oder der aktueller Präsidentin. Vun deeër Regel ofgewach gouf 1997: wéinst der 100 Joer Feier, an et ass vun Aachen Rothe Erde bis op Esch-Terre Rouge an de Minett gaange. 2006 koum et zu enger weiderer Ausnam. Dat Joer krut de Jean-Claude Juncker nämlech de Karlspräis, an am Kader dovun ass d’Staffel vu Capellen aus op Oochen gaange. Zu Oochen gouf d’Staffel du vum demoligen Oberbürgermeister Jürgen Linden empfaange. Wann net grad ee Letzebuerger de Karlspräis kritt, da gëtt de Startschoss zu Oochen vun enger wichteger Persoun gemaach. Beim Zil gëtt d’Staffel normalerweis mat engem Éierewäi vun der Gemeng empfaange. Iwwert d’Joren gouf den Startschoss vum Ehrenkonsul Otmar Braun, vumm Oberbürgermeister, der Oberbürgermeisterin, dem Rektor vun der RWTH an och vum Schirmherr vun der RWTH fir den AVL ginn.
Ab 1991 gung deen éischten Dag ëmmer op der Keelebunn bei Koeppe Jhemp op der Houschter Déckt op en Enn. Ab do gouf dann den zweeten Dach bis bei d’Zil gelaf. Déi lescht Joer huet et sech etabléiert deen éischten Dag desen Halt um Camping zu Housen ze maachen an. Bis viru kuerzem war zu Housen dann och de Restaurant Köpp, d’Platz wou sech mat gudden Iessen an deem engen oder dem anere Béier erholl gouf.
Fir de Staffellaf op d‘Been ze stellen, brauch een allerdéngs net just Leefer an eng Staffel, mee och Leit der bei der Organisatioun hëllefen. Dës huet sech iwwert d’Joren och verännert. Ufangs ass ëmmer nach een AVLer*in als Ënnerstëtzung mam Vëlo nieft dem Leefer matgefuer. Mëttlerweil gëtt och dat gemengerhand mam Auto gemaach, an och Navigatiounsapplikatiounen an den Handy selwer maache souwuel d’Kommunikatioun an och d’Orientatioun méi einfach.

Bei iwwert 30 Editioune vum Staffellaf ginn et natierlech och eng jett Anekdoten déi et wäert sinn erzielt ze ginn. Hei ass eng Auswal dovun:
- Deen optimale Regeneratiounsschlof kritt ee wann een op der Keelebunn schléift.
- Eng Leeferin ass no dem erfollegräichem Ofschloss vun deene fir hat ageplangten 10km nach iwwert 30 km bei sengem Nofollger matgelaf.
- Besonnesch gutt keele spillen kann ee just plakeg. Dest koum dohier dass d’Jongen an den 1990er géint der Owend alt schon emol ze voll waren, fir sech ze verhalen, wien a wéi enger Equippe wier. Als Ofhëllef huet dann eng Equippe sech ausgedoen, an et hunn di Ugedoen géint di Plaakisch gespillt.
- Et koum och mol vir, dat een sech nuets Ham geschnidden huet géint de klengen Honger.
- Ee Campari-O dee besonnesch rout geroden ass. Ee gewëssen Här C. huet de Contraire mat Extra Orangëjus gemengt.
An dëser Tabell sinn all d’Staffelleef säit 1988 resüméiert. Merci un den Daniel Erpelding fir d’Zesummesichen.
| Joer | Start | Zil | Verfügbare Bericht oder Beleg |
|---|---|---|---|
| 1988 | Aachen | Luxembourg-Ville | / |
| 1989 | Aachen | Luxembourg-Ville | / |
| 1990 | –ausgefall– | / | |
| 1991 | Aachen | Differdange | Um Karel 3, Säiten 25-28 |
| 1992 | Aachen | Remich | Um Karel 5, Säiten 10-11 |
| 1993 | Aachen | Insenborn | Um Karel 6, Säiten 15-16 |
| 1994 | Aachen | Mamer | / |
| 1995 | Aachen | Echternach | Um Karel 10, Säit 15 |
| 1996 | Aachen | Wiltz/Doncols | Um Karel 12, Säiten 10-12 |
| 1997 | Aachen-Rothe-Erde | Esch /Terre-Rouge | Um Karel 14, Säiten 14-17 |
| 1998 | Aachen | Wahl | Um Karel 16, Säiten 19-22 |
| 1999 | Aachen | Wormeldange | Um Karel 18, Säiten 19-20 |
| 2000 | Aachen | Vianden | Um Karel 20, Säiten 27-29 |
| 2001 | Aachen | Hesperange | Um Karel 22, Säiten 8-10 |
| 2002 | Aachen | Zolver | Um Karel 24, Säiten 12-16 |
| 2003 | Aachen | Beckerich | Um Karel 26, Säiten 31-34 |
| 2004 | Aachen | Hautcharage | Um Karel 28, Säiten 25-27 |
| 2005 | Aachen | Esch-Sauer | Um Karel 30, Säiten 16-21 |
| 2006 | Capellen | Aachen | Um Karel 32, Säiten 27-30 |
| 2007 | Aachen | Echternach | Um Karel 34, Säiten 46-53 |
| 2008 | Aachen | Vianden | Um Karel 36, Säiten 60-63 |
| 2009 | Aachen | Lintgen | Um Karel 38, Säiten 64-66 |
| 2010 | Aachen | Bettembourg | Um Karel 40, Säiten 50-53 |
| 2011 | Aachen | Pétange | Um Karel 42, Säiten 30-34 |
| 2012 | Aachen | Remich | Um Karel 44, Säiten 34-37 |
| 2013 | Aachen | Walferdange | Um Karel 46, Säiten 38-40 |
| 2014 | Aachen | Rédange | Um Karel 48, Säit 23 |
| 2015 | Aachen | Contern | Um Karel 50, Säit 18 |
| 2016 | Aachen | Junglinster | Um Karel 52, Säiten 21-24 |
| 2017 | Aachen | Hesperange | Um Karel 54, Säiten 15-19 |
| 2018 | Aachen | Mersch | Um Karel 56, Säiten 18-22 |
| 2019 | Aachen | Steinsel | Um Karel 58, Säiten 28-29 |
| 2020 | –ausgefall– | AVL News vum 12.05.2021 | |
| 2021 | Aachen | Wormeldange | Um Karel 62, Säiten 30-31 |
| 2022 | Aachen | Bertrange | Um Karel 64, Säiten 56-58 |
| 2023 | Aachen | Mertert | Um Karel 66, Säiten 44-47 |
| 2024 | Aachen | Oberdonven |
- Courrier vum AVL un d’Memberen vum 20. Abrëll 1988. [↩]