Cartes de membre d’honneur vum AVL

Och dest Joër invitéieren d’letzebuerger Studenten vum Akademischer Verein d’Letzeburger vun Oochen op hiert “Ponttorfest” zu Eieren vun eisem Chef d’Etat, dem Grand-Duc. Mat dem mëttelalterliche Ponttor huet des Feier allerdings schon laang näicht méi ze dinn, sie dréit just nach den traditionnelle Numm. Wëll d’Ponttor nach ëmmer am gaangen ass renovéiert ze ginn, wer och dest Joër, wéi schon die letzten 9 Joër am Gewölbekeller vum Haaptgebei vun der RWTH steigen. An zwar

De 26. Juni 2007 ab 20:00

Zesummen mat der Invitatioun, die Dir sëcherlich de letzte Wochen kritt hutt, schëcken die Jonk schon zenter “éiwigen Zäiten” eng Eierememberskaart fir daat entspriechend Joër mat, e feine Gest, den een och roueg solt mat engem kléngemEieremembeschkaart vum AVL Don an d’Kees vun denen Jonken (CCP: LU02 1111 0264 2036 0000) honoréieren .-) den allerdings ëmmer nees zu Konfusiounen bei verschiddenen vun eise Memberen féiert:

Emmer nees denken verschiddener vun eise Leit, des Kaart wier hinnen vun der AMICALE geschëckt ginn, als Bestätigung dofier dass sie hier Cotisatioun bezuelt hätten. Dem ist nicht so:

  • Die Kaart kënnt vum AVL,
  • D’AMICALE selwer get aus organisatorische Gënn KENG eegen Membesch-Karten eraus!

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.