{"id":10569,"date":"2023-10-12T16:11:13","date_gmt":"2023-10-12T14:11:13","guid":{"rendered":"http:\/\/www.aachen.lu\/?p=10569"},"modified":"2024-01-23T10:59:40","modified_gmt":"2024-01-23T09:59:40","slug":"agape-2023","status":"publish","type":"post","link":"http:\/\/www.aachen.lu\/2023\/10\/agape-2023\/","title":{"rendered":"AGAPE 2023"},"content":{"rendered":"

L\u00e9if Al Oochenerinnen an Oochener,<\/p>\n

No dem immense Succ\u00e8s, dee mer d\u2019lescht Joer w\u00e4hrend eiser S\u00e9ance acad\u00e9mique mat Gala D\u00eener erliewt haten, dat ul\u00e4sslech dem 125. Anniversaire vum Akademischen Verein d\u2019Letz\u00ebbuerger, w\u00eblle mer d\u00ebse Momentum notzen.
\nFir d\u00ebst Joer nees eng K\u00e9ier e remarquabelen H\u00e9ichpunkt vum Anciens Joer ze feieren, invit\u00e9iere mer Iech dofir h\u00e4rzlech, zesumme mat \u00e4rer Begleedung, op eng nei Editioun vun der traditioneller<\/p>\n

AGAPE
\nSamschdes den 18. November 2023,
\nan der Hostellerie Stafelter zu Walfer.
\n 1 rue de Dommeldange, L-7222 Walferdange<\/p>\n

Programm:
\n19h00
\nAp\u00e9ritif um Rez de Chaussee vum Restaurant<\/p>\n

20h00
\nIessen am Banquet Sall <\/p>\n

22h00
\nDessert um Rez de Chaussee vum Restaurant, uschl\u00e9issend mat Danz, Gesang bis sp\u00e9it an d\u2018Nuecht
\nNatierlech mam Spill mat der Ham<\/p>\n

Mellt Iech w.e.g. bis den 11. November iwwert de Formulaire weider \u00ebnnen un oder per Telefon \u00ebnnert der Nummer 691722668. Mir Propos\u00e9ieren Iech ee Menu d\u00e9couverte zu engem Pr\u00e4s vu 66 Euro deen Dir direkt un der Kees vum Restaurant k\u00ebnnt bezuelen. Gedr\u00e9nks iwwer D\u00ebsch an op der Party g\u00ebtt dann och individuell op de Stopp berechent. Fir z\u2019iessen propos\u00e9iere mer Iech dr\u00e4i Platen au choix jeeweils mat Amuse-Bouche, Entr\u00e9e, Haaptplat an Dessert. Mir bieden Iech nach, ons \u00e4re Menu-Choix bei der Umellung matzedeelen. <\/p>\n

An der Hoffnung Iech all den 18. November ze gesinn,
\nDe Comit\u00e9 vun den Anciens<\/p>\n