Latest Posts

RWTH Alumni Newsletter No 165 vum 30.9.2016

Hei nach eng Kéier eng Kopie vun enger RWTH Alumni Newsletter, di deen een oder anere villäicht interesséiert.
Den Text enthält Linken, opgepasst si sinn all extern, d.h. wann Dir drop klickt, sidd Dir nit méi op aachen.lu bei den alen Oochener.
Stëchwierder: Graduiertenfest – RWTH-„Snowevent“ Landgraaf – Aachener Ingenieurpreis – Six Sigma Green Belt – Social Media – Business Planning – Seniorenstudium – THE Ranking – Batteriegroßspeicher M5BAT – Mehltau – IITM Madras – Phyphox MINT-Schnupperstudium. Vill Spaass.

E sportlechen Oktober

Léif Al Oochener, nodeems d’Summerpaus riwwer as an et scho lues awer sécher ufänkt méi kal dobaussen ze gin hu mer iech am Oktober direkt e puer sportlech Aktivitéiten unzebidden fir iech waarmzehalen.   Den 20. Oktober um 19:00 as eisen traditionellen Keelenowend zu Koplescht am Café op der Bréck. Menu vum Owend as am Prinzip Ham, Fritten an Zalot.   Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen. Weider Informatiounen zum Bistro fannt der op http://www.opderbreck.lu. Mellt iech w.e.g. hei un: Weider um Programm: Den 28….
Read more

Alumni Newsletter No 164 vum 1.9.2016

Léif al Oochener. Nodeems ech lo laang drop verzicht hat, wëll ech mol nees eng Kéier eng Alumni Newsletter op eisem Site reproduzéieren. Abschrift der Alumni-Newsletter vom 01.09.2016 um 17:14 Uhr ALUMNI NEWS Alumni-Treffen in Brasilien Alumni-Treffen in Berlin – Führung über den Flughafen BER Erinnerung: Alumni-Treffen in Saarbrücken Abschied der Graduierten der RWTH Aachen naht Doktorjubiläum 2016 PERSONALIA RWTH-Professor wird in Leitung eines Fraunhofer-Instituts berufen WEITERBILDUNG & KARRIERE Mini MBA der RWTH Aachen – Weiterbildung auf höchstem Niveau Weiterbildungsveranstaltungen des WZLforums. WISSENSCHAFT & WIRTSCHAFT Ingenieurwissenschaften der RWTH weltweit an der Spitze Deutsch-Koreanische Zusammenarbeit SONSTIGES RWTH-Institut für Maschinentechnik der Rohstoffindustrie…
Read more

Rapport vum Grillfest 2016

Dest Joer war et fir d’zweet dass mir eist Grillfest, wat an Oochener Kreeser traditionnell och nach gären mat dem Euphemismus “Picnic” verharmlost gëtt, op dem CNL zu Stadtbredimus gemeet hunn. Dowéinst war et och méi liicht ze fannen. Allerdings huet de Guy och dest Joer nach eng Kéier e puet Leit iwwert Telefon gehollef fir et ze fannen, an zwee Membere si verluer gaagen. All di aner hunn et fond, letztlich waren folgend Memberen do: Vum Comité: de Schrulli, Philippe Gengler, Guy Lux, Chris Even, Caroline Gaspar, Sophie Hellinghausen, de Wiesel, Michel Asorne, André Detaille a Paul Nathan, souwéi…
Read more

Pic-Nic op Nationalfeierdag 2016

Léif Al Oochener, heimat luede mer iech häerzlech an op eisen Pic-Nic op Nationalfeierdag Donneschdes, den 23. Juni vun 11h30 un um Site vum Club Nautique du Luxembourg zu Bech-Maacher (www.cnlwaterski.lu)   De Site as direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks ran iwwert eng kleng Bréck. Parken kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Bei traditionnel guddem Wieder a wonnerbarer Stëmmung bidde mir iech folgende Programm: Aperitif Leckeres vum Grill mat allem wat dozou gehéiert Dessert a Kaffi Ronderemturnen op der Wiss mat Volleyball, Petanque, etc. Spass mam…
Read more

Mir hunn och eng Facebookgruppe – Trëppelen de 5. Mee zu Beckerich

Mir hunn am November 2014 eng Faceboogroup fir di al Oochener gegrënnt. D’Caroline an d’Sophie verwalten déi elo.
D’Caroline mecht bekannt, dass mir um Landjugenddag zu Beckerich deelhuelen, an dass een do och kann einfach trëppelen goen.
Maacht dese Bäitrag op, fir Iech unzemellen.

Rapport vun der Generalversammlung 2016

Den 8. März, also relativ fréi am Joër, hate mir eis Generalversammlung am Restaurant Ultimo gehalen. Hei dann elo de Bericht, wéi et ofgelaaf ass:

  • Wéi eng Leit do waren
  • Aktivitéitsrapportën vu President a Secrétaire an de Bilan vum Trésorier
  • Décharge vum Comité fir den Exercice 2015
  • Abschied fir de De Marc Tock, Virstellen vum neien Trésorier
  • Neiwalen fir Comité, dräi nei Leit am Comité: Gaspar, Hellinghausen a Nathan
  • Zwee nei Keeserevisoren: Waringo a Zhan
  • Virschau op d‘Aktivitéiten fir d‘Joer 2016

Invitatioun Assemblée Générale 2016

Léif Kolleginnen a Kollegen, ech hoffen dir hudd d‘Joer souwäit gudd ugefaang. Et steet och schon déi éischt Aktivitéit vun der Amicale un, dofir luede mer iech en Dënsdeg, den 8. Mäerz um 19:30 an de Restaurant L’Ultimo (83, Route d’Arlon, L-8211 MAMER) an op d’ Assemblée Générale 2016 Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer: Allocution vum President Aktivitéitsrapport vum Secrétaire De Bilan aus der Siicht vum Trésorier Décharge vum Comité fir den Exercice 2015 Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants: André Detaille, Jean-Paul Schreiner a Marc Tock. Déi eischt zwee sin awer rééligibles. Virschau op d‘Aktivitéiten fir…
Read more

Den AVL huet een neie Comité

De Club vum AV d’Letzeburger huet säit dem letzte Denschden e neie Comité. Präsident ass lo de Steve Maller. Hei fand Dir di aktuell Kompositoun.

Aluedung fir d’Agape 2015 zu Biereng

Léiwen alen Oochener, heimadder invitéiere mir Dech an Deng Begleedung de Samsteg de 7. November op d’ AGAPE vun der Amicale vun den ale Studenten vun Oochen Well et eis d’lescht Joer net schlecht gefall huet probeiere mer et dest Joer nach eng Kéier op der selwechter Plaz: Restaurant A Guddesch 1, am Kaesch L-7593 Biereng bei Miersch Den Apéro gëtt ab 19h00 zervéiert. Mer proposéieren folgend Menuen à 70€ incl. Waasser iwwert dem Iessen, an ee passend Glas Wäin bei Entrée a Plat: Apéro mat Amuse-Bouches Entrée A Filet de sole poêlé, timbale de riz parfumé, émulsion de crevettes…
Read more