Tennis: Den Albert Hilger huet nees gewonn!

D Tennisspiller
Eise Kolleg de Marc Tock haat och 2008 fir een kléngen Tennistournéier op Moutfort invitéiert. Gewonnen huet dest Joër nees den Albert Hilger.
Hei weider Foto’en vum Tennismatch.
Folgend Leit waren der Invitatioun nokomm

An hei nach e puer Foto’en

Tennistournoi 2007/08

Wéi Dir Iech vielläicht erënnert, guff eisen Tennismatch, den normalerweis am Hierscht ass, an d’Fréijoër reportéiert,
Hei kann een sëch umelden. oder einfach mol d’Lëscht vun denen, die matmaachen kucken.
Méi Détailer nach am Misch sénger Invitatioun, die den Dënschden schon als Email erausgung:

Léiwen aalen Oochener,

Noo deem laange Wanter get et héich Zäit, fir endlech erëm besser a Form ze kommen:

Dofir proposéiert d’Amicale e Samsteg, 15. Mäerz 2008, vun 13h30 un, bei eisem TENNIS-TOURNÉIER matzemaachen.

No deem ustrengenden Deel as och erëm e méi gemittleche kulinareschen Deel geplangt. Hei si natiirlech och all manner sportlech Memberen invitéiert (an och all déi, déi Mëttes nach mam Weenchen duerch de Supermarché renne mussen).

Mell Dech w.e.g. fir den Tournoi an/oder de Maufel virum 12 Mäerz 2008 beim Marc Tock un.

Als Ureegung schon e klenge virtuelle Match ?
Een Miniclip

Oder dach awer eppes fir ze dreemen ?
Eppes op YourTube
Eppes aneschters op YourTube

Bis dann,

Michel

Iessen nom Tennisspill

Wéi an eisem letzten Courrier gesoot, werd et nom Match och eppes klénges z’iessen ginn, souwuel fir d’Spiller, wéi och fir d’Spektateuren, a condition dass sie sëch beim Marc Tock umellen. Hien huet och mëttlerweil matgedeelt, waat et z’iessen get:

Brot vum Fierkelchen,
an eng gebaacken Gromper mat saurer Zoss.

Mellt Iech un!