Op der Agape 2008,

An der Réiser Stuff zu Réiser huet des Kéier nëmmen de Männerchouer gesongen, an zwar:

souwéi als Zugabe:

D’Staatsbeamtelidd hunn dogéint den Lux Guy an de Piggel vertount, die allerdings alle béid (nach) kéng Beamten sinn, awer och kéng Studente méi.
Dem Roger Bour säin Ersatz huet dogéint gudd gespillt, mee dem Chouer kéng Konkurrenz gemeet, waat allgeméng ganz apréciéiert guff.

Invitatioun fir d’Agape

Léiw aal Oochener,

Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir den 15. November 2008 op déi traditionnel Agape vun den „Aalen Oochener“ invitéieren. Mer feieren zesummen vun 19:30 un am Restaurant „Re’ser Stuff“ (32, Grand-rue zu Roeser).

De Kach proposéiert Iech dëst Joer folgend Menuen mat Fleesch oder Fësch zum Präis vun 58€ (inclusiv Apéritif a Softdrinks während dem Iessen):

L’éveil du Palais

La Couronne de Scampis / Fondant de Risotto au Parmesan

La Noisette de Biche Grand-Veneur (Menu Viande)
ou
Le Blanc de Barbue aux Epices / Filament de Mangues (Menu Poisson)

Le Mikado de Sorbets / Mini Mousse Gourmande

Le Moka et Mignardises

Fir déi richteg musikalesch Ambiance as natiirlech gesuergt a mer si gespaant op de neie Programm vum weltberühmten Oochener Männerchouer. An ee vun Iech wärt des Joer dann och erëm mat enger gudder lëtzebuerger Haam heem fueren.

Mellt Iech w.e.g. bis de 7. November iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder bei mär un (louphi@pt.lu / Tel: 388444 / michel_asorne@bce.lu)

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philipe – Président

De Menu steet lo fest

Lo gët et keen Grond méi ze kécken, wëll ab elo werd Der wëssen, waat et de 15. November an der Réiser Stuff z’iessen gët:

  1. L’Eveil du Palais
  2. La Couronne de Scampis/ Fondant de Risotto au Parmesan
  3. Da kann een aussichen:
    • La noisette de Biche Grand Veneur, Où
    • Le Blanc de Barbue aux épices / Fifament de Mangues
  4. Le Mikado de Sorbets / Mini Mousse Gourmande

Mëld Iech un!