Die nei Kallennersoftware

Nodeems se schon eng Zäitchen am Asatz ass, wier et vielläicht un der Zäit, die nei Kallennersoftware mol virzestellen. Sie get zwar nach laafend weiderentwéckelt, allerdings werd et just nach punktuell Verbesserungen ginn, ansonsten leeft se stabil.

D’Inconveniants vun der aaler Sofware.

  • Baséiert op fichier’en, souwuel fir d’Konfiguratiounen, ass wéi fir d’Daten
  • Schwierig ze warten, huet Schreiwrechter op dem Filesystem gebraucht a war an Joëresdossier’en organiséiert
  • Ausser dem Webmaster (mir) konnt konnt (praktisch) keen nei Daten androën1. -> Ausfallproblematik.
  • haat keen Floodingschutz,  a war domadder fir SPAM ufällig. Erstaunlicherweis ass et allerdings baal nie zu Virfäll komm.

Features vun der neier Software.

  • Alles get an eng Datebank geschriwen
  • Et kënne nit just Terminer vun der Amicale agedroën ginn, mee och Datummer zu weideren Categorien, etwa vum AVL, oder vun den RWTH Alumni.
  • Manifestatiounen aus der Vergaangenheet si liicht nozedroën! Sou kann an Zukunft niewt der Geschicht vum AVL och eng Form vu Chronik vun der Amicale hei gebueden ginn.
  • D’Software ass nit (sou staark) op d’Besoin’en vun der Amicale zougeschnidden, mee kënnen och fir aner Club genotzt ginn.
  • Ënnerschiddlich Vu’en op d’Veranstaltungen si méiglich,  z.B.
  • Fir all Veranstaltung kann een (optionale) Formulaire (cforms II) uginn, mat dem sëch de Member umëlle kann
  • d’Software stellt och eng Lëscht mat denen bereed, die ugemeld sinn.

(.. to be continued)

  1. ëch haat zwar och dozou Code geschriwen, mee e war nit dokumentéiert a wuel ze komplizéiert ze benotzen []
  2. schon vum KJO programméiert []

Neie Layout: atahualpa

Aachen.lu ass schon eng Kéier zäitcheweis am Atahualpa Look gelaaf. Dunn awer haaten d’Walfer Huesen sëch fir den Layout décidéiert, an ëch wollt Konfusiounen beim Internaut vermeiden. Dunn kum die nei Versioun 2.3 eraus, an ëch konnt nit wiederstoën. Den Layout bidd iwer 300 verschidden Detailler, die een kann astellen.

aachen.lu am atahualpa

aachen.lu am atahualpa

Laut Wikipedia, war den Atahualpa:

Atahualpa, nach peruanischer Quechua-Schreibung Atawallpa (auch Ataw Wallpa; * um 1500; † 26. Juli 1533 in Cajamarca), der Name bedeutet auf Quechua »tapferer Truthahn«, war der letzte Herrscher des Inkareiches.

Atahualpa heescht also een als Schnuddelhung verkleedten Indianer!

Mat dem Layout Fusion war ëch nie sou ganz zefridden :-(

MàJ Website: Fusion, Kallenner, Procuratioun a Lidderbuch

Dem engen oder aneren ass et villäicht schon opgefall dass ëch e puer kléng Ännerungen um Site virgeholl hunn:

  • Mir hunn een neie Layout: den heescht lo Fusion. Ech hunn e missten e bessi modifizéieren, mee lo kënnt Dir z.B. des Säit ouni d’Menu’en (Sidebar) ausdrécken loossen.
    fusion

    fusion

  • Momentan get d’Kallennersoftware erneiert. Sie baséiert op enger Software die een Englänner geschreiwen huet. Et hunn awer e ganze Koup Fonktionalitéiten mussen derbäi geschriwen ginn, wéi z.B. Wou ass ?, Ass den Termin schon bestätigt?, a virun allem “Umelden” etc. Et klappt nach nit alles, mee dir kënnt awer lo schon d’Agenda an de Kallenner konsultéieren. An desem Kallenner werten, anescht wéi an der Agenda och Datummer agedroën ginn, die mir nit selwer organiséieren, mee die mir denken, interessant fir die Oochener kinnte sinn. (z.B. AVL an Alumni)
  • Procuratiounsvirdrock ausgefelltWien een CCP huet, an nit all Joër wëll drun denken fir d’Cotisatioun ze bezuelen kann eis jo eng Procuratioun ausstellen. Vun desem Virdrock guff eng nei Versioun opgespillt, wou Dir d’Felder och kënnt selwer ausfëllen. Ennerschreiwen musst dir awer noch mat der Hand :-)
  • An zu gudder Lescht, wollt ëch nach drop opmierksam maachen, dass Dir dem Sylvain säi Lidderbuch vu 1990, lo och als PDF kënnt konsultéieren (Léisst sëch méi liicht printen)

Nei Software fir de Membersfichier

De Membersfichier vun der Amicale get jo zenter e puer Joër schon online verwalt, waat de Virdeel huet, dass méi Leit dru kommen (Président, Sekretär, Tresorier, etc.). Dozou haat ëch selwer eng Software am PHP geschriwen, die allerdings nit besonnësch performant war.

Ab sofort werd eise Membersfichier mat der Software Iaddressbook verwalt ginn, déi de Schwäitzer Student Clemens Wacha geschriwen huet.

De Produit huet e ganze Koup schéin Features, e.a. och Import an Export an d’Format vcard an csv. Sou guff och den aale Fichier portéiert.

Beispill

Beispill: sou gesäit et aus!


Leider kann een lo nit méi selwer säin Kont nofroën (an z.B. kucken ob séng Cotisatioun schon registréiert guff), well eng aner Software (wéi WordPress) heescht och, eng aner Benotzerverwaltung -> daat géif einfach zu komplizéiert fir nach am Cader vum Bénévolat ze bleiwen. Dohier hunn ëch och d’Benotzerkonten geläscht, ausser déi vum comité restrinct. Wien an Zukunft awer gären ging matschaffen an Artikelen op aachen.lu schreiwen (oder Foto’en eroplueden, dem richten ëch selbstverständlich nees een an! Macht mir dozou einfach eng Mail.

Weider Ännerungen an dem Zesummenhang:

  • Dir fand lo ëmmer eng aktuell Lëscht mat dem Memberen (just d’Nimm!)
  • Wien dem Club wëll bäitrieden, oder eis eng Addressännerung wëll bekannt ginn, kann nees de bekannte Formulär benotzen, deen eng vcard genéréiert.

Changelog

An der lëschter Woch, notamment um Weekend guffe geänndert:

Op enger neier Plaatz

  • D’Foto’en si geplënnert a leien lo all ënnert

    ->aktiviteiten
    –>photos

    sie ginn lo vollstännig vum WordPress verwaltet.

  • Vu wiesel.lu guffen als lëscht, d’FOTOTOUR, kommentéiert historisch Biller op aachen.lu eriwer gezunn, et fënnt een se lo ënnert

    Club der Haarlosen 1902
    ->AVLhistory
    –>Quellen
    —>Bilder

    Sie guffen dobäit nit just eriwer bruecht, mee et sinn aus aktuelle Grënn och e ganze Koup neier derbäi komm. Domadder ass die Plënneraktioun dann och offiziel oofgeschloss.

Iwerschafft guffen, d’Artikelen

Jongen am Rethel 91

Nei sinn:

Wichtig Ännerungen bei der Software

Mat der neier Versioun 2.5 vu WordPress kumm eng wichtig Neierung: WordPress huet lo eng gudd Léisung fond, fir ganz Fotoserien, sougenannte Galleries op de Site ze bréngen an unzeweisen. Domadder kann ëch die Software, die ëch selwer geschriwen haat, oofschalten, wëll mat deser vill méi einfacher Methode kënnen och aner Memberen (wann sie d’Rechter hunn) ganz liicht selwer Foto’en opspillen.
Ech hunn dest zum Ulass geholl, fir och de Rescht vun der Software ze verbesseren, hei die wichtigsten Neierungen:

  • den Formulaire fir sëch unzemellen, kann lo direkt am Bäitrag stoën ( Stil: umellen(‘manif’,’2008) )
  • Et guff eng Veräinsiwersiicht (sommaire) erstallt. Hei get den Lieser alles iwert eis Aktivitéiten/Memberen/Comité am jeweiligen Joër gewuer
  • AVLhistory, d’Geschichtsschreiwung vun AVL an Amicale, guff anescht organiséiert

Verbesserungen un der Software an de Gebuertsdaag vun der ANEIL

An de letzten dräi Wochen guffen wesentlich Deeler vun der Software fir eise Site neigeschriewen, haaptsächlich betreffend d’Gestioun vum Membersfichier, waat een vu baussen awer nit gesäit. Am eenzelnen:

  • All Member vum engere Comité misst lo kennen, mat relativ wéinig Opwand eng Manifestatioun samt Umeldeformular an eisen Aktivitéitskalenner androen
  • d’Parameteren dovunner änneren,
  • d’Leschten vun denen die sech ugemeld hunn, verwalten (z.B. déi vun der Assemblé générale)
  • sämtlich Angaben zu de Memberen an eisem “Fichier” änneren (daat kenne registréiert Memberen iwrigens och selwer!!)((31.5.2009: Feature deen nees heut misste faale gelooss ginn. Wor nit ausgereift an dohier ze geféierlich.

Vun den Annerungen no baussen sichtbar sinn:

  • Am Standardlayout get lo lënks op der Säit, vun lo uns emmer uginn, wellech die nächst Manif ass
  • Den neien Formulaire fir Member kennen ze ginn (Demande d’Admission). Demnächst well ech nach eng Software schreiwen, mat wellecher des dann automatisch kënnen auswert ginn.
  • Eng nei Comiteslescht

Die lescht genannten guff sou erweitert, dass een nit just kann sech Leschte vun den Präsidenten, Sekretären, synoptisch Lescht1 mee och z.B. die historisch Comité’en vum AVL ka ugewiesen kréien, an esou guer déi vun der ANEIL ((just 2007+2008)!
Well e ganze Koup aal Oochener waren am Comité vun deser Aneil, an zoufällig feiert déi lo och nach 50 Joer Gebuertsdaag, daat an engem Joer, wou nees een Oochener, de Philippe Alzin Präsi ass! Hinne welle mir dann och hellefen, fir dass daat Fest een Erfolleg get!

  1. wien déi kucken wellt, schalt virdrunner am beschten op de Layout “Sandbox”, well die geet nit gudd op eng Säit. Op hier gesäit een dofir awer ganz gudd, wéi sech den Comitö entweckelt huet []

AVLhistory geplënnert

Dank enger neier Software die ëch geschriewen hu fir länger Texter unzeweisen, konnte lo gréisser Deeler vum AVLhistory Projekt fir d’Erfuerschung an d’Beschreiwung vun eiser Geschicht vun wiesel.lu op aachen.lu geplënnert ginn, e.a. d’Quellenangaben mat