Neies zu de Memberen; Hierscht 2010

Mir begréissen nees e puer nei Memberen:

  • De Marc Cloos, war och schon op der Agape präsent
  • De Michel Hansen, dito. Huet sech nach als Student ugemeld a folgerichtig matgesongen. Ass awer nach während der Versammlung konvertéiert an huet säin Diplom gezuckt.
  • Da nach de Jan Even, de war souwäit ech wees mol zu Oochen am Comité,
  • Dann deelt den Tom mir nach mat, dass mir och d’Loni Friederici an eise Reihe begréissen dierfen

Leider si mir och gewuer ginn, dass mir eis dest Joër och hu misste vu laangjährige Memberen verabschieden. Wéi eis matgedeelt guff si gestuerwen:

  • De Jean Molenda
  • de Jean Kremer
  • an den Nilles Ed

Nei Memberen: Heusbourg an Theis

2 nei Memberen an de Fichier agedroën:

  • Den Dany Heusbourg, bekannt als den Mann, deen d’Software fir den aktuelle Website vum AVL programméiert huet, an
  • de Pascal Theis, bekannt als Dirigententheis, de Mann den die Jonk an de letzte Joëren gesanglich gecoached huet

Mir freen eis, sie demnächst op der Agape ze gesinn!

Fir die nei aal Oochener

ëch wollt all neien aalen Oochener bieden, dese Formulaire auszefëllen, fir dass mir se méi einfach kënnen an de Fichier ophuelen.
Dono kréien sie dann och d’Invitatiounen fir eis schéin Manif’en :-)

Neie Member: Nicole Hoscheit-Maes

D’Nicole Nicole Hoscheit-Maes huet virgëschter de Formulaire op amicale -> admission ausgefëllt, den dofir virgesinn ass. Des Demande war fir ons an duebelter Hinsicht eng kléng Iwerraschung, wëll d’Nicole

  • Huet zu Oochen Pädagogik studéiert (Oofschloss 1986)
  • an et wunnt a schafft zu Den Haag an Holland

Härzlich Wëllkomm Nicole!

Lelio an Hoffi

Zwee Neizougäng an eise Fichier:

  1. De Kolleg Lelio Loewen kenne mir scho méi laang, hien war och schon e puer mol mat Keelespillen, mee war informatisch bei eis nit erfaasst ginn.
  2. De Patrick Hoffmann dogéint, ass frësch diploméiert, härzlichste Félicitatiounen dofir schon emol! Den Hoffi ass och een ale Bekannten, hien war 2005 an 2006 am Comité vum AVL.
    Och hien stëch momentan um persische Golf.

Neie Member: Frank Thome

Sou lues a lues geet et op d’Fréijoër zou, an och op d’Generalversammlung, an et mëllen sëch méi a méi nei Memberen. Em sou méi frou sinn mir, wann et do och aal Bekannten drënner sinn, wéi de Frank Thome, den offenbar grad ob der arabischer Hallëfinsel ze fannen ass.

De Fränk war Vizepräsident am AVL’s Comité 1998 wéi de Wicht Präsident war.