Die wichtigsten Ergebnisser vun der Generalversammlung

Gëschter wor eis Generalversammlung am Restaurant Le Lavandin um Kirchbierg an die folgend Leit haaten sëch do afond:
Carlo Walentiny, Pit Jacoby, de Piggel Schweig, de Guy Mahowald, de Louis Philippe, den Tom Nickels, de Jean-Lou Sales, de Jang Feyereisen, de Stift Demuh, de Marc Tock, de Cos Colling, den Daniel Erpelding, de Christian Even, den Asorne’s Misch, d’Detaille’s Änder, de Marc Fischbach, de René Ries an de Christian Gatti.

No de Rapport’en guff den ale Comité entlaascht an et koum zur Neiwahl. “sortant et rééligible” waren Asorne, Christiansen, Goedert Fränz an de Louis. De Goedert Fränz haat ons matdeelen gelooss, dass hien altersbedingt no 24 Joër Dingscht am Comité nit méi willt kandidéieren. Dofir huet sëch dunn de Guy Mahowald bereet erklärt dem Fränz séng Plaatz z’iwerhuelen an de Comité guff entspriechend ergänzt.

Eis Sänger sinn nees ënnerwee

A brauche Publikum! Des Kéier um Picadilly Hei de Bréif vum Theis:

Salut Ancien(ne),

den Oochener Männerchouer as nach net midd a strengt sech nach emol richteg un iert et an d’Wakanz geet. Freides, den 10. August séngt den Oochener Männerchouer zu Stadtbriedemes um Picadilly. An der Paus vun de Musketeers wäerten mir fir eng 15 Minuten d’Leit am Zelt a Stëmmung bréngen mat Lëtzebuerger a Miseler Lidder. Dofir brauchen mir Ënnerstëtzung aus dem Publikum, an domat mengen ech iech.

Also halt iech den Datum fest: Freides owes, den 10. August zu Stadtbriedemes um Picadilly! An soën ich lo scho Merci fir äer Präsenz.

Äeren Dirigent, den Theis, de Pascal

En annexe, den De Flyer fir de Picadilly(och wa mir net drop stin, mir sin awer do an zielen op iech!)

Cartes de membre d’honneur vum AVL

Och dest Joër invitéieren d’letzebuerger Studenten vum Akademischer Verein d’Letzeburger vun Oochen op hiert “Ponttorfest” zu Eieren vun eisem Chef d’Etat, dem Grand-Duc. Mat dem mëttelalterliche Ponttor huet des Feier allerdings schon laang näicht méi ze dinn, sie dréit just nach den traditionnelle Numm. Wëll d’Ponttor nach ëmmer am gaangen ass renovéiert ze ginn, wer och dest Joër, wéi schon die letzten 9 Joër am Gewölbekeller vum Haaptgebei vun der RWTH steigen. An zwar

De 26. Juni 2007 ab 20:00

Zesummen mat der Invitatioun, die Dir sëcherlich de letzte Wochen kritt hutt, schëcken die Jonk schon zenter “éiwigen Zäiten” eng Eierememberskaart fir daat entspriechend Joër mat, e feine Gest, den een och roueg solt mat engem kléngemEieremembeschkaart vum AVL Don an d’Kees vun denen Jonken (CCP: LU02 1111 0264 2036 0000) honoréieren .-) den allerdings ëmmer nees zu Konfusiounen bei verschiddenen vun eise Memberen féiert:

Emmer nees denken verschiddener vun eise Leit, des Kaart wier hinnen vun der AMICALE geschëckt ginn, als Bestätigung dofier dass sie hier Cotisatioun bezuelt hätten. Dem ist nicht so:

  • Die Kaart kënnt vum AVL,
  • D’AMICALE selwer get aus organisatorische Gënn KENG eegen Membesch-Karten eraus!

Zesummestellung iwert eis Aktivitéiten

Wie an der letzter Woch op aachen.lu gesurft ass, huet et wuel schon bemierkt:
Ënner http://www.aachen.lu/aktiviteiten/ ass lo eng Zesummestellung vun eisen Aktivitéiten ze fannen. Fir all Joër guff een Dossier zesummegestallt, wou een da kann “de Kallenner” vun dem Joër agesinn.
Z.B. fir dest Joër, fand Dir ënnert http://www.aachen.lu/aktiviteiten/2006/ alles waat d’Amicale dest Joër organiséiert huet, mat Lien’en op d’Invitatioun, d’Rapport’en an d’Lëschten vun denen déi derbäi woren, an, falls se existéieren och d’Foto’en!

Membres sortants

Mäi Virgänger, den Jean-Louis Sales haat mir een Fichier iwerginn, den Compte rendu iwert d’Entree, d’Zougehéierigkeet an d’Sortie vun den eenzelnen Comitéesmemberen zenter 1990 get, den Fichier hunn ëch elo erëmfond/neientdeckt, Een “X” steet dobäi fir eng (Ré-)électioun, een “-” fir Net-Zougehéierigkeet zum Comite.
Et fällt op, dass mir, wéi sëch daat fir een Veräin vun Ingenieuren gehéiert, eis zenter Joerzéngten wuel nach nie un eis eegen Statuten gehaal hunn, aus der Mandatszäit vun 3 Joër, die am Artikel 8 virgesinn ass, guffen der véier. Sollech Traditiounen sollt een natierlich viruféieren, an deemno wieren dest Joër “sortant” wëll hiert Mandat oofgelaaf ass:

  • Daniel Erpelding
  • Tom Nickels

En plus nach een vun den dräi Dingschteelsten:

  • Jean FEYEREISEN am comité zenter 1976 (30 Dingschtjoëren)
  • Pierre JACOBY am comité zenter 1981 (25 Dingschtjoëren)
  • Marc TOCK am comité zenter 1983 (23 Dingschtjoëren)

cf. Komiteeslëscht.

Wien sëch léiwer die Tabell am PDF ukuckt, klickt op den Link. Déi léisst sëch och méi liicht ausdrëcken.

Statistiken iwert eis Memberen.

D’lescht Woch hunn ëch den gesamte Membersfichier duerchgeschafft, a mat Hëllef vun der Memberslëscht vun der ALI, bei nët manner wéi 65 Leit Informatiounen zu Studiengang, Joër vum Oofschloss etc. nogedroen. Vill Leit haaten beim Ausfëllen Studiengang a Vertiefungsrichtung duercherneen gehäit etc. Daat ass lo alles méi oder manner behueven an elo endlich méiglich mol eng aussokräftig Statistik ze maachen:

Mir hunn 416 Memberen am Fichier, a folgendes hun eis Leit studéiert (9 op der FH , an 407 op der RWTH):

kéng Angaben 37
ABFALLWIRTSCHAFT 2
ARCHITEKTUR 5
BWL 1
BAUINGENIEURWESEN 62
BERGBAU 3
CHEMIE 16
ELEKTROTECHNIK 126
GEOLOGIE 3
INFORMATIK 2
MASCHINENBAU 80
MATHEMATIK 1
METALLURGIE 76
PHYSIK 2

Online Formulaire a grouss Botz um Site

Den Februar wor bei den aale Réimer den Mount vun der Botz, der Renegung. Sou och hei op aachen.lu.

  • Den Menu guff (hoffentlich) méi iwersichtlich gestalltet:
    • Et guff klöer getrennt tëschend statische Säiten, die kaum variéieren werten, an Bäiträg am Blog
    • Den Kallenner mat eisen Aktivitéiten ass vun der viischter op eng eegen Säit verschwonnen. Den dierft sëch lo demnächst ziemlich fëllen, wann mir den 8 Februar no eiser Comitéessetzung zu Féngeg werten den Programm opstellen
    • Daat nämlicht ass den Linken passéiert
  • Dofir hunn ëch, zumindest virleefig, die aner Layouten oofgeschalt.
  • Derbäi kumm een Online Formulär, mat dem dir kënnt Member vun der Amicale ginn. Hoffentlich eng Hëllef fir eis Jonker die frësch ferdisch gi sinn. Dir kënnt en och dozou benotzen, fir eng Adressännerung bekannt ze ginn, etc.