Trëppeltour zu Vianden ass ofgesot!

Wéi schon 2010, huet de Comité vun der Amicale och dest Joër missten eng Veranstaltung annulléieren:

Léiw Kollegen,

den 13. Mee schéngt en Dag ze sin dee vill Iech scho fest verplangt hun: leider as den Ustuerm fir de Footing zu Véinen éischter verhalen, sou datt mer décidéiert hun spéider am Joer e neien Ulaaf ze huelen. Den Termin zu Véinen as dofir annuléiert.

Den 23. Juni proposéiere mer och en Trëppeltour Moies virun eisem PicNic op der Drëps. Méi Informatiounen stin an der Invitatioun déi der geschwënn geschéckt kritt.

Mat bäschte Gréiss,

Michel

Invitatioun fir den Trëppeltour zu Vianden

Léiwen aalen Oochener,

déi éischt Aktiviéit vum Joer lackelt eis erëm an d’Natur. Mir invitéieren Dech an deng Famill op eisen

Trëppeltour zu Véinen


Den 13. Mee 2012 gi mer eis um 10 Auer Rendez-Vous zu Véinen beim Parking vum Sessellift (Parking Larei). Zesumme loosse mer eis bis op 440m zéien fir vun hei aus gemittlech bei d’Schlass ze trëppelen. Uschléissend bleiwt eis nach Zäit fir eng Viste vum mëttelalterlëche Schlass zu maachen.

Hongerech maache mer eis dann op de Wee op Wuelessen (Wahlhausen) fir an der Eislécker Stuff defteg zu Mëtteg z’Iessen (d’Spezialitéit vum Haus si „Grillades au Feu du Bois“). Mer probéieren een oder zwee gënschteg Menüer fir Iech auszehandelen.

Fir déi déi es da nach nët genuch un, proposéiere mer en Ausfluch an den Héichseelpark „Indian Forest“. Méi Informatioun heizou fannt dir op http://www.vianden-info.lu/francais/loisirs/indian-forest . Mir roden Iech selwer ze reservéieren iwwert den Internt Site oder iwwert d’Nummer 691-901223.

Melld Iech w.e.g. un bis den 8. Mee op eisem Internet Site http://www.aachen.lu.

Fir de Comité

Michel Asorne (secrétaire)

 
 
Umellen fir den Trëppeltour zu Vianden
 
The event is closed at: 10.05.2012
 
The list has been closed.

 
ParticipantsLeit ginn trëppelenLeit iessen mat
Goedert Fränz22
Erpelding Daniel11
Philippe Louis22
Lutgen Jerry2+2 Kanner 
Jean-Louis Sales33
Jean-Paul SimoesAndrée Haag (méng Fra an och ancienne vunn Oochen)Eis 3 Kanner: Nina, Nick an Anna