Beiträg iwert

OochenerStudent

Zum Auteur

Geschriwen, also gedicht guff d’Lidd am Joër 1991 vum Marcel Belche
alias Bab. Ganz eleng, Moies op der Toilette. Just bei der letzter Strophe
huet den Julchen, vulgo Jules Theis, him e bessi gehollef, waat een leider och mierkt *g*.

De Bab huet vun 1989 bis 1993 zu Oochen Maschinebau
studéiert, ier him baal daat nämlich geschidd ass wéi dem Held vu séngem Lidd: Hien säi Studium
zu Oochen oofgebrach, a guff dunn zu Liek als “Educateur gradué” ausgebild a schafft och als solchen.
Den excellente Musikant ass och nach wie vor aktiv bei den Zolver Knappbléiser

gesongen get d’Lidd op d` Weis "Mariechen war ein Frauenzimmer1" Genau wéi
d’Original ass och dest eng Moritot, een Bänkelgesang mat moralischer Intentioun: De Bouf huet nit gefollescht,
war ze kéng, a get mat engem tragischem Enn (vum Studium a Mëssuechtung duerch d’Famill) bestrooft.

Den Text vum “Oochener Student”2

  1. Strophe: op der Foire de l’étudiant.

    Ee Jong, dee wollt emol studéieren,
    dee froot sech, waat machen ech elo
    wéi hien sech do wollt informéieren
    woor och een vun Oochen do
    dee soot, et geet näicht iwer Oochen
    an d`Uni daat as déi bescht
    dee Jong deen huet sech daat unhéieren
    a soot sech, daat do kléngt net schlecht!

  2. Strophe: d’Aschreiwung

    Kuerz drop, huet hien sech ageschriwen
    op der RWTH
    de Papp, den duecht, mäin Jong as duerchdriwen
    daat do, daat geet an d`A
    de Jong de soot, guer näicht!
    Schliesslech sin ech domm
    An ausserdem hun ech méng Première
    a sin e seriöse Jong

  3. Strophe: Gudd Virsätz

    D`Semester daat huet ugefaangen
    an hien wor och der bäi
    hien as an all Vierliesung gaangen
    an sutz an der éischter Rei
    daat do daat sin einfach Saachen
    daat as jo alles kloer
    Ech mengen, ech werd mäin Ingénieur maachen
    a manner wéi fenef Joer

  4. Strophe: den aale Kollesch

    Manm Äifer wor et schnell gedoen
    et woren emol kéng véierzéng Deeg
    wéi hien do an säin Cour wollt goen
    do trefft hien een aale Kolleg
    “Du bass och hei zu Oochen ?
    Ma daat as eng fei Saach”
    Den Frend deen soot, “daat do as fantastisch,
    lo get mol eng Rull gemaat! “

  5. Strophe: op den Dësch, op den Dësch

    Deen éischten Bistrot, wou si du gungen,
    do wor et wierklech uereg
    all déi, die op den Descher stungen
    déi koumen vun Letzebuerg
    jet Humpen huet hien konsomméiert
    hien haat eng deckeg un
    den Dag drop, guff näicht méi geléiert
    well de Jong war net gudd drun

  6. Strophe: daat éisch Semester

    Die nächst Deeg, Wochen a Méint
    do gung et net anscht erof
    an huet et him zevill gedréint
    dann huet hien am Bistrot geschloof
    hien heut gesoff a gefeiert
    hien wor den Béierheld
    a wéi die éischt Klausuren kummen
    huet hien se oofgemeld!

  7. Strophe: die nächst Semester

    Di nächst Semester guff nach emmer,
    alles drop gemaach
    et gouf souguer, nach vill schlemmer
    an d`Liewer guff méi haard
    a schliesslech no etlech Semester
    koum daat, waat hien net wollt
    dun as hien am drette Semester
    koum daat waat hien net wollt
    dun as hien am drette Semester
    ratzekaal duerchgetrollt!

  8. Strophe: d’Moral vun der Geschicht

    Säi Studium as elo gschas
    kee Frang mé hannen a vier
    a wéi hien zréck op Letzebuerg komm as
    stungen d`Valissen virun der Dir
    dofir Leit loost Iech beléieren
    a maacht kéng sou eng Gaffen
    drenkt Dir gären eng etlech Béieren
    da gidd dach nemen schaffen!


Zum Schluss noch

1Verbreitet ist auch die Fassung “Sabinchen war ein Frauenzimmer”.Siehe

2Überschriften der Strophen von Daniel Erpelding.