Lidderbuch Schrantz 1990

-10-

Ech wollt mech drop bess’ren. sot äddi der Welt
Ech hu mech am Klouschter als Brudder gemellt.
Ech souz op de Knéien an hu nogeduecht
Hu Waaser an Aschen op d’Kopp mir geluecht.
Vum ville Brevéiren eleng an der Zell
Gouf ech esou drechen. ech spuurt a mir d’Häll

A wéi et nees bums gong, do war et geschitt
Du huet meng aarm Séilchen gläich Flilleke kritt.
Ech sichen am Himmel wéi benzeg nom Bar
Et war keen ze fannen, war alles sou rar.
Ech krut näischt ze drenken mat all mengem Goss
O brengt mer e Pättchen soss get et Verdross.

One thought on “Lidderbuch Schrantz 1990

  1. Pingback: Wiesel.lu | Hesper Kutsch online!

Leave a Reply