Invitatioun fir de Pic-Nic 2008

Leiw jonk an aal Oochener,

wéi an de vergangene Joeren invitéiere mer Ierch mat ärer Famill och dest Joer op Nationalfeierdag, Méindes den 23. Juni, op eisen traditionelle Pic-Nic.

Trotz zimlech duerchwuessenem Wieder war eis nei Grillplaatz op der Thillsmillen d’läscht Joer zumools beim jonke Public gudd ukomm, an dofir as och 2008 d’Adress vum Dag

« op der Dreps », am Bësch hannert der Thillsmillen tescht Mamer a Koplecht.

Vun 11:30 un sin d’Grillmeeschteren op der Plaaz an offréieren den Apero.

Wéi ëmmer kënne Grouss a Kleng sech de ganze Metteg iwwer austoben, sief et bei enger Partie Petanque, oder beim Puddelen an der Baach. Paakt dofir de Kanner eventuell e Puer Stiwwelen an eng extra Garnitur drechent Gezei an …

Umelle sollt der Ierch bis den 18. Juni beim Louis, eisem President (louphi@pt.lu, 388444), bei mär (michel_asorne@bce.lu) oder iwwert de Formulaire op eisem Internet-Site :

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philippe – Président

Invitatioun Pic-Nic 2008 (PDF)

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.